Éischt Victoire fir den Alexander Fach zu Silverstone

© Porsche AG
Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Robert de Haan an Alessandro Ghiretti. De Gewënner huet vun engem Accrochage vun de Favoritten an der 1. Ronn profitéiert.
Nodeems den Dorian Boccolacci sech gëschter iwwert seng éischt Pole am Supercup freeë konnt, ass de Fransous mat groussen Erwaardungen an dës Course gaangen. Dës sollte schonn nom Passage vun den éischte Kéieren net méi erfëllt ginn. No engem Accrochage vum zweemolege Champion Ten Voorde an dem Lokalmatador Harry King, gouf de Boccolacci vum Duo kuerz nom Depart mat ewechgeholl.
King an Ten Voorde hunn hir Autoe missen ofstellen an de Boccolacci koum zum Schluss nach op déi 11. Positioun.
Profitéiere konnte vun dëser Aktioun den Alexander Fach, Robert de Haan an Alessandro Ghiretti, déi domadder d'Spëtzt vun der Course iwwerholl haten.
Dës dräi Fuerer, déi bis haut am Porsche Supercup nach net vill Succèse feiere konnten, hunn dëst Resultat bis zum Schluss gehalen a fir eng Iwwerraschung um Sonndeg Mëtteg gesuergt. Et war dem Fach seng éischte Victoire iwwerhaapt.
De Leader vum General bleift de Bastian Buus, deen nom Chaos an der éischter Ronn och vill Plaze verluer huet. Hien gouf zum Schluss nach den 13..
Den Dän konnt seng Féierung am General virum Larry Ten Voorde an Harry King liicht ausbauen. De King ass elo punktgläich mam Boccolacci.