McLaren topp hannert Red Bull, bei Aston Martin am Moment e bësse méi schwiereg

© AFP
An der Formel 1 si mer elo an der Hallschent vun engem chargéierten Mount Juli. An Zäit vu 5 Woche sinn do jo 4 Coursse virgesinn.
Zwou sinn der mëttlerweil gefuer. No Spielberg an Éisträich a Silverstone an England konnt een elo e puer Saachen feststellen.
Dat éischt ass, datt de Max Verstappen d'Saison dominéiert. Vun 10 Courssen huet de Red-Bull-Pilot der 8 gewonnen, déi lescht 6 hannerteneen. Bei Ferrari geet de Knuet einfach net op, souwuel op techneschem wéi op takteschem Plang kënnt ee bei der Scuderia einfach net richteg virun. Bei Mercedes huet den W14 och eppes vun enger Diva, eng Kéier wëll en, eng aner Kéier wëll en net esou richteg. Ma och bei Aston Martin, der Ecurie mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack, huet een elo zanter e puer Courssen de Rhythmus verluer.
Dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Tom Hoffmann:
"AMR deet sech schwéier op Circuiten, wou Toppspeed gefrot ass, respektiv wou séier Kéiere musse gefuer ginn. Dat schéngt wierklech d'Schwächt vum Auto ze sinn. Dofir sinn ech gespaant, wéi si an Ungarn ausgesinn, wou déi Facteuren net gefrot sinn. Si stoungen awer 6 Mol um Podium bei 10 Courssen, sinn 3. an der Weltmeeschterschaft bei de Konstrukteuren an och den Alonso ass bei de Piloten den 3. Eigentlech ass elo nach ze fréi fir vun enger Kris ze schwätzen."
Ganz anescht gesäit et elo zanter de leschte Coursse bei McLaren aus. E Sonndeg konnt de Lando Norris den Tempo mam Max Verstappen phaseweis gutt matgoen:
"McLaren sinn e bëssen aus dem näischt komm. De Lando Norris hat jo an Éisträich scho gewisen, datt den Update, dee se do montéiert haten, richteg gutt funktionéiert. Et kann ee wierklech gespaant sinn, wéi si an Ungarn ausgesinn, ob deen Auto och op engem méi luese Circuit séier ass."
Lo ass den nächste Weekend Paus an da geet et mat zwou Courssen hannerteneen weider. Fir d'éischt zu Budapest an Ungarn an den duerno virun eiser Hausdier, de Grousse Präis vun der Belsch zu Spa-Francorchamps.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.