Ungarn
Zweet Victoire fir den Harry King am Porsche Supercup

© AFP-Archiv
Nodeems de Lechner-Pilot e Samschdeg um Hungaroring seng 1. Pole Position am Porsche Supercup feiere konnt, huet hien dës Form an der Course confirméiert.
Vum Start un huet hien d'Course 16 Ronne laang dominéiert a wënnt domat seng zweete Course am Supercup.
Zweete gëtt den Dorian Boccolacci an déi drëtt Positioun geet un de Leader vum Classement, de Bastian Buus.
De jonken Dän huet domat elo 7 Punkte Virsprong op säin Teamkolleeg, Harry King, dee sech elo mat dëser Victoire 57 Punkte virun den zweemolege Champion Larry Ten Voorde setzt.
Nächst Woch geet et dann op Spa Francorchamps fir déi fënnefte Manche vum Porsche Supercup.
Am meeschte gelies