Bei der Rallye Estland gouf et eng Schlussvictoire fir de Finn Kalle Rovanperä op Toyota GR Yaris. Ma och e Lëtzebuerger hat Grond ze feieren.

De Grégoire Munster ass hei nämlech nees am Kader vun der Junior-WRC un de Start gaangen, mat engem Ford Fiesta Rally3.

Scho fréi am Rallye huet de Munster, zesumme mat sengem belsche Co-Pilot Louis Louka gewisen, dass mat hinnen ze rechnen ass. Op der 4. Special war et dann och eng éischt Beschtzäit an hirer Kategorie. Leader war deen Ament den Ireschen Duo Creighton/Regan, déi awer op der 5. Special ausgefall sinn. Vun deem Ament u ware Munster/Louka un der Spëtzt vun der Junior-WRC. Vun deem Ament u koum et zu engem spannenden Duell mam franséischen Duo Pellier/Bronner.

RTL

De Virsprong vum Munster ass no der 15. Special op just nach 2,2 geschrumpft. Ma de Lëtzebuerger Member aus dem COSL-Elitekader sollt e kale Kapp behalen, a sech um Enn mat engem Virsprong vun 8,1 Sekonnen duerchsetzen, dat obwuel en 2 mol mat engem Platten huet mussen d'Special op en Enn fueren.

Am Generalklassement war et déi 18. Positioun, ënner 44 Teams, déi d'Arrivée gesinn hunn.

Gewonne gouf de Rallye vum Weltmeeschter-Duo Kalle Rovenperä a Jonne Halttunnen op Toyota GR Yaris Rally1, virum Thierry Neuville a Martijn Wydaeghe op Hyundai i20 N Rally1. Komplettéiert gouf de Podium vum Esapekka Lappi a Janne Ferm, och op Hyundai.

RTL