Dräi Lëtzebuerger an den Top10 zu St. Georges-de-Montaigu (F)

Beim 6. Laf vun der Autocross-EM ass et nawell gutt gelaf fir d'Lëtzebuerger, och wann um Enn keen um Podium stoung.
Am Zäittraining konnt de Kevin Peters sech d'Pole Position sécheren. Am 1. Qualifikatiounslaf koum et direkt zu engem spannenden Duell mam Jakup Novotny, aus deem de Lëtzebuerger als Gewënner erausgaangen ass.
Am 2. Qualifikatiounslaf hat de Kevin Peters de Start net gutt erwëscht, dat wärend et ugefaangen hat mat Reenen. Hei koum um Enn just eng 3. Plaz eraus.
Am 3. Qualifikatiounslaf goung et du vu Plaz 3 bis op Plaz 2 no vir.
An der Halleffinall war et Plaz 3 um Depart. No engem gudde Start, an duerno engem spannende Fight mam Remo Kobras, ass hei eng 2. Plaz erausgesprongen.
An der Finall ass et deemno vu Plaz 4 fortgaangen. An der éischter Rei stounge Remo Kobras (AUT), Thomas Christol (FRA) a Rudy van Buren (NLD).
An der zweeter Rei war et dunn de Kevin Peters an den Damien Crépeau (FRA).
Ma de Kevin Peters war net den eenzege Lëtzebuerger, deen et bis an d'Finall gepackt hat. Dat war och nach dem Ferdinand Gengler gelongen, dee vu Plaz 8 gestart ass, grad ewéi dem Kenny Reding, deen et op Plaz 10 nach sou just an d'Finall gepackt hat.
An der Finall huet sech dann och nach sou munches gedoen. De Remo Kobras konnt seng Pole Position net ausnotzen, fir vu vir fortzefueren. Hien ass op Plaz 3 zeréckgefall an du koum et zum Duell mam Kevin Peters. Kuerz viru Schluss ass de Peters nach op Plaz 3 no vir koum, ma no enger klenger Beréierung hat hie Problemer mat der Steierung an huet an der leschter Kéier nach Plaz 3 mussen un de Kobras ofginn.
Gewonne gouf d'Course vum Fransous Thomas Christol, virum Hollänner Rudy van Buren.
De Kenny Reding konnt sech an enger staarker Course vu Plaz 10 op Plaz 5 no vir kämpfen. De Ferdinand Gengler ass gudden 9. ginn.
An der Europameeschterschaft ass den Tschech Jakub Novotny op Plaz 1 mat 144 Punkten. Hannendru kënnt dann de Kevin Peters mat 130 Punkten, virum Markus Wibbeler (D) mat 124 Punkten.
De Kenny Reding ass den 13ten (48) an de Ferdinand Gengler den 19ten (30).