No der Summerpaus huet am englesche Silverstone d’Wieder mat kalen Temperaturen a Reen de Samschdeg dominéiert.

An der MotoGP hunn all japanesch Motoe missten duerch déi éischt Qualifikatioun an de Fabio Quartararo start e Sonndeg souguer vu der leschter Plaz. Direkt um Ufank vum Q2 hat e staarken Jack Miller d’Beschtzäit gesat, déi just nach de Marco Bezzecchi mat vill Risiko verbessere konnt. Ier hien direkt duerno gefall ass.

Op der Streck, déi ëmmer méi gedréchent ass, ass an engem wëlle Sprint kee gefall, ma d’Weltmeeschtere koumen un d'Schwammen: Francesco Bagnaia 14., Joan Mir 17., Marc Marquez 18. a Fabio Quartararo 21.. Dogéint huet den Alex Marquez kee Feeler gemaach an de Marco Bezzechi huet als Zweeten 9 Punkten op de WM-Leader Bagnaia opgeholl.

Qualifying vu der Moto2

Och de Leader Tony Arbolino huet missten duerch déi éischt Quali, huet do trotz enger Chute eng Beschtzäit realiséiert a start domadder no engem gudde Q2 e Sonndeg vun der 4. Plaz. Ganz staark war awer den Zweete vum Championnat, Pedro Acosta, hien huet sech op fiichter Streck souverän d’Pole geséchert.

Qualifying vu der Moto3

Op naasser Streck huet de Jaume Masia vum Lëtzebuerger Team Leopard mat senger Pole alles richteg gemaach. De Leader vum Championnat, Daniel Holgado, louch op der 3 eng hallef Sekonn hannendrun.

D'Resultat vum Sprint

1 Alex Marquez Gresini Ducati 20’09.174
2 Marco Bezzecchi Mooney VR46 Ducati +0.366
3 Maverick Viñales Aprilia Racing +3.374
4 Johann Zarco Prima Pramac +5.671
5 Aleix Espargaro Aprilia Racing +6.068

De Qualifying

MotoGP

1 Marco Bezzecchi Mooney VR46 Ducati 2’15.359
2 Jack Miller Red Bull KTM +0.270
3 Alex Marquez Gresini Racing +0.412

4 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo +0.736
5 Augusto Fernandez Gasgas Factory +0.742
6 Luca Marini VR46 Ducati +0.793

Moto2

1 Pedro Acosta RedBull KTM 2’16.953
2 Fermín Aldeguer Beta Tool +0.700
3 Zonta Van Den Gorbergh Fieten Olie +0.711

Moto3

1 Jaume Masia Leopard Honda 2’25.072
2 Scott Ogden VisionTrack Honda +0.363
3 Daniel Holgado RedBull KTM +0.535