Aleix Espargaro wënnt virum Francesco Bagnaia

© AFP
Hanner dem Espargaro an dem Bagnaia komplettéiert de Brad Binder de Podium. An der Moto3 gouf et eng spannend Course mat enger Rookie-Victoire.
De Francesco Bagnaia louch quasi déi ganz Course a Féierung an hat déi nächst Victoire scho virun Aen. An der leschter Ronnn huet säi Verfolger, den Aleix Espargaro, awer an der zweeter Kéier ugesat an de Weltmeeschter iwwerholl an déi Avance bis an d'Zil gerett.
Och de Brad Binder an de Miguel Oliveira ware laang am Féierungsquartett dobäi, mee ware méi mam Kamp ëm Plaz 3 beschäftegt. De Brad Binder war schlussendlech méi séier de Portugis.
De Marco Bezzecchi, deen als Éischten an d'Course gaange war, gouf fréi vum Bagnaia iwwerholl an huet an der fënnefter Ronn am Ubremsen no der Hangar Straight säi Motorrad verluer. Domat huet den Italieener wichteg Punkten am Kampf ëm d'Weltmeeschterschaft leie gelooss.
De Fabio Quartararo war vun der leschter Plaz an d'Course gaangen, huet no engem Accrochage de Moto musse wiesselen an huet sech um Enn als 15. klasséiert.
Am Generalklassement baut de Francesco Bagnaia seng Avance op de Jorge Martin an de Marco Bezzecchi weider aus.
An der Moto2 gëtt et wéi an der Moto3 eng Première op der éischter Plaz. De Spuenier Fermin Aldeguer feiert déi éischt Victoire a senger Karriär, nodeems hien d'Course souverän ugeféiert huet. Hannendru klasséiere sech den Aron Canet an de Pedro Acosta, deen elo neie Leader am General ass. De bisheerege WM-Leader Tony Arbolino huet an der Course net de richtegen Tempo fonnt a gouf just Zéngten.
An der Moto3 gouf et eng spannend Finall. No 15 Ronne war den David Alonso dee Séierste virum Ayumu Sasaki an dem Daniel Holgado, dem Féierenden am Generalklassement. Et war eng immens Leeschtung vum kolumbianesche Rookie, dee vun der 28. Plaz an d'Course gaange war a säin éischte Grand Prix iwwerhaapt gewanne konnt.
De Jaume Masia, dee vun der Pole Position an d'Course gaange war, hat an der véierter Ronn eng Sortie. Hie war duerno awer weidergefuer, koum awer net iwwer déi lescht Plaz eraus an huet wichteg Punkten am Kampf ëm d'Weltmeeschterschaft leie gelooss.
An enger spannender Course mat ville Wiesselen un der Spëtzt koumen déi éischt zéng Fuerer mat engem Retard vu manner wéi enger Sekonn hannert dem Gewënner an d'Zil.
Kuckt de Replay vun de Courssen um RTL Play.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Aleix Espargaro 40:40.367
2 Francesco Bagnaia +0.215
3 Brad Binder +0.680
4 Miguel Oliveira +0.750
5 Maverick Vinales +2.101
Moto2
1 Fermin Aldeguer 35:37.758
2 Aron Canet +2.546
3 Pedro Acosta +3.883
4 Joe Roberts +6.460
5 Manuel Gonzalez +7.162
Moto3
1 David Alonso 33:35.396
2 Ayumu Sasaki +0.152
3 Daniel Holgado +0.203
4 Ivan Ortola +0.337
5 David Munoz +0.471
De General
MotoGP
1 Francesco Bagnaia 214
2 Jorge Martin 173
3 Marco Bezzecchi 167
4 Brad Binder 131
5 Johann Zarco 122
Moto2
1 Pedro Acosta 156
2 Tony Arbolino 154
3 Jake Dixon 104
4 Aron Canet 96
5 Alonso Lopez 92
Moto3
1 Daniel Holgado 141
2 Ayumu Sasaki 119
3 Jaume Masia 109
4 Ivan Ortola 107
5 Denis Öncü 99