De Waliser a säi Co-Pilot Scott Martin setze sech bei der Rallye Finnland duerch a maachen de Kampf ëm Weltmeeschterschaft nees spannend.

Den Elfyn Evans konnt beim néngte Laf vun der Rallye-Weltmeeschterschaft a Finnland seng zweet Victoire an dëser Saison feieren an huet och dovu profitéiert, dass e Freideg schonn eng ganz Rei Konkurrenten, ë.a. de Féierenden am General, de Kalle Rovanperä, ausgescheet waren.

No den 22 Wäertungspréifungen op der Schotter-Pist war de Waliser (Toyota) mat sengem Co-Pilot Scott Martin dee Séiersten, an dat 39 Sekonne virum Thierry Neuville op Hyundai. Drëtte gouf den Takamoto Katsuta (Toyota, +1'36''), dee sech an engem spannende Kampf ëm déi lescht Podiumsplaz géint den Teemu Suninen duerchsetze konnt.

Duerch den Aus vum Rovanperä bei der Rallye Finnland an d'Victoire vum Elfyn Evans leien elo just nach 25 Punkten tëscht béide Fuerer am Gesamtklassement, wouduerch de Kampf ëm d'Weltmeeschterschaft nach eng Kéier spannend gëtt.

No 9 vun 13 Leef läit de Rovanperä mat 170 Punkte virum Evans (145) an och dem Thierry Neuville (134).

Déi nächst Course ass vum 7. bis 10. September a Griicheland.