An alle Klasse gouf et een turbulente Qualifying, ma de Francesco Bagnaia huet zu kengem Moment ee Feeler gemaach a säi Virsprong nom Sprint ausgebaut.

An engem ganz enke Qualifying um Spielberg, wou de Sechste Luca Marini nëmme mat 3 Zéngtelssekonnen zeréck leit – séchert sech de Francesco Bagnaia zwar seng fënneft Pole Positioun: Aprilia mam a KTM mam Brad Binder sinn an Éisträich ganz staark a stinn och an der éischter Rei.

Am Sprint huet sech iwwerdeems de Peco Bagnaia direkt un d'Spëtzt gesat wärend de Maverick Viñales zeréck gefall ass an a der éischter Kéier an enger Massekarambolage hänke bliwwen ass. De WM-Zweete Jorge Martin hat déi ausgeléist an ënnert anerem säi Verfolger Marco Bezzechi war domadder raus. Vir bréngt de WM-Véierte Brad Binder de Bagnaia net a Gefor, ma hëlt och wichteg Punkten. Grad wéi de Pol Espargaro als Sechsten a senger réischt zweeter Course vu der Saison.

Qualifying vu der Moto2

Un engem bis elo ganz staarke Weekend fält de Pedro Acosta zwar um Ufank vum Qualifying, ma hëlt awer seng drëtt Pole Positioun. An engem turbulente Qualifying mat vill giele Fändelen a gestrachen Zäite wéinst dem Track Limit start säi Verfolger an der WM Tony Arbolino aus der drëtter Rei.

Qualifying vu der Moto3

Eng iwwerraschend Pole gëtt et vum 18-järege Rookie Collin Veijer. Et ass déi éischt hollännesch Pole zanter 1999, ma och de WM-Leader Daniel Holgado ass mat senger zweeter Platz zefridden. De Jaume Masia vum Lëtzebuerger Team Leopard start als 4. aus der zweeter Rei.

D'Resultat vum Sprint

1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 21:01.844
2 Brad Binder Red Bull KTM +2.056
3 Jorge Martin Prima Pramac +5.045
4 Alex Marquez Gresini Ducati +8.252
5 Jack Miller Red Bull KTM +11.365

Resultater vum Qualifying

MotoGP

1 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo 1’28.539
2 Maverick Viñales Aprilia Racing +0.037
3 Brad Binder Red Bull KTM +0.114

4 Jack Miller Red Bull KTM +0.230
5 Alex Marquez Gresini Racing +0.289
6 Luca Marini VR46 Ducati +0.300

Moto2

1 Pedro Acosta Red Bull KTM 1’34.040
2 Ai Ogura Idemitsu Honda +0.271
3 Celestino Vietti Fantic Racing +0.405

Moto3

1 Collin Veijer Liqui Moly Husqvarna 1’41.486
2 Daniel Holgado Red Bull KTM +0.057
3 Deniz Öncü Red Bull KTM +0.105