Hannert dem aktuelle Weltmeeschter koumen de Brad Binder an de Marco Bezzecchi op d'Plazen 2 an 3.

Beim Grousse Präis vun Éisträich gouf et eng Start-Zil-Victoire vum Francesco Bagnaia. Hien huet sech souverän virum Brad Binder behaapt, dee sech vun der drëtter op déi zweet Plaz verbessert huet. Den Marco Bezzecchi ass vun der 7. Positioun op de Podium no vir gefuer.

De Maverick Vinales hat e schlechte Start erwëscht an ass vun der 2. op déi 7. Plaz zréckgefall. No der éischter Ronn louch de Bagnaia virum Binder, Miller, Marquez an dem Marini.

An der Suite huet sech de Bagnaia Ronn fir Ronn ofgesat. Hannendrun hunn de Binder an de Marquez sech laanscht de Miller geschafft, deen um Enn souguer ass der Top 10 gefall ass. De Bezzecchi huet och Plaz fir Plaz gutt gemaach an ass laanscht de Marini an de Marquez op déi 3. Plaz gefuer.

Am Moto 2 huet sech den Celestino Vietti déi éischt Victoire säit engem Joer geséchert. Op déi zweet Plaz koum de Pedro Acosta, dee laang a Féierung louch, um Enn awer nach vum Vietti iwwerholl gouf. Den Ai Ogura gouf den Drëtten.

Den Deniz Öncü huet sech am Moto 3 am Foto-Finish géint den Daniel Holgado duerchgesat. Drëtten an der Course gouf de Japaner Ayumu Sasaki.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

D'Resultater ginn nogereecht.

Moto2
1 C. Vietti Kalex 36:25.093
2 P. Acosta Kalex +1.435
3 A. Ogura Kalex +5.189
4 J. Dixon Kalex +6.145
5 S. Chantra Kalex +8.635

Moto3
1 D. Öncü KTM 34:04.291
2 D. Holgado KTM +0.005
3 A. Sasaki Husqvarna +0.119
4 C. Veijer Husqvarna +0.136
5 I. Ortola KTM +3.135

De General

MotoGP

D'Resultater ginn nogereecht.

Moto2
1 Pedro Acosta 176
2 Tony Arbolino 164
3 Jake Dixon 117

Moto3
1 Daniel Holgado 161
2 Ayumu Sasaki 135
3 Deniz Öncü 124