Victoire fir den Hollänner Morris Schuring

© F. Porsche AG
Op d'Plazen Zwee an Dräi kommen zwee weider Hollänner, de Loek Hartog an de Larry Ten Voorde.
Déi Hollännesch Dominanz geet no der Max-Verstappen-Show an der Formel-1-Qualifikatioun vum Grousse Präis vun Holland och am Porsche Supercup virun. Dëse Weekend stoung déi zweetleschte Manche vun der Saison um Programm an dat ausnamsweis mat 2 Coursse fir de Saisonsstart zu Imola, deen opgrond vun de Wiederbedingungen net konnt gefuer ginn, ze ersetzen. Dowéinst gouf d'Beschtzäit an der Qualifikatioun fir d'Course um Samschdeg geholl an déi zweetbeschten Zäit fir d'Course um Sonnden.
De Morris Schuring vu Fach Auto Tech, dee vun der éischter Plaz e Samschden an d'Course gaangen ass, huet näischt ubrenne gelooss an déi iwwert déi 16 Ronne verdeedegt. Mat sengem Succès ass den 18 Joer jonken Hollänner, deen de jéngste Pilot am Porsche-Super-Cup-Feld ass, elo op déi 3. Plaz vum Piloteklassement gesprongen. Profitéiert huet och de Larry Ten Voorde, deen Drëtte ginn ass an elo just nach 15 Punkte Retard op de Leader Bastian Buus huet. Den Dän koum e Samschdeg op déi 4. Plaz an huet elo 98 Punkten op sengem Konto.
De Verléierer vum Dag heescht Harry King, deen duerch en Accident d'Course net op en Enn fuere konnt a seng Hoffnungen op de Championstitel elo warscheinlech begruewe muss.
Um Sonndeg huet den Dän Bastian Buus déi beschte Kaarten am Grapp, fir e grousse Schratt Richtung Championstitel ze maachen. De Pilot vun der Lechner-Ekipp wäert vun der 4. Plaz an d'Course goen. De Larry Ten Voorde, dee jo elo op der zweeter Plaz steet, geet just vun der 9. Plaz un den Depart.
Ob an der zweeter Porsche-Supercup-Course vum Weekend nees déi hollännesch Nationalhymn gespillt gëtt? Oder gëtt de Bastian Buus virun der leschter Course vun der Saison Supercup-Champion? E Sonndeg vun 11.55 Auer u gitt Dir et op RTL gewuer.