Nicolas Giaffone gëtt Champion an der USF Juniors Serie

Den Nicolas Giaffone, e Pilot mat duebeler Lëtzebuergesch-Brasilianescher Nationalitéit, huet an Amerika d'USF Juniors Serie gewonnen.
D'USF Juniors Serie gëllt als Sprangbriet fir an déi amerikanesch Indycar Serie.
An der USF Juniors Serie gëtt op bekannte Circuite gefuer. Wéi zum Beispill Sebring, Circuit of the Americas oder Indianapolis. Pro Weekend ginn zwou bis maximal dräi Coursë gefuer, an an deenen huet den Nicolas Giaffone säin Talent op alle Fall ënner Beweis gestallt. Den 18 Joer jonke Pilot konnt am ganze sechs Victoirë feieren an hat um Enn 389 Punkten um Compte stoen, mat enger Avance vu 65 Punkten op den Zweeten. Zil fir hien ass ganz kloer: enges Daags wëll hien an der Indycar fueren, wéi dat deemools och schonn säi Papp, de Felipe Giaffone, vun 2001 bis 2006 gemaach huet. Säin Held a grousst Virbild, esou steet et op alle Fall emol a sengem Profil, ass de Scott Dixon.
De Champion huet op alle Fall säi Lien mat Lëtzebuerg net vergiess. Op de Fotoen ass de Roude Léiw ze gesinn an och op sengem Casque ass de brasilianeschen, souwéi och de lëtzebuergesche Fändel ze fannen.
Virum 2. Weltkrich ass seng Famill, deemools aus beruffleche Grënn, a Brasilien ausgewandert, ma den Nicolas Giaffone kënnt zwee bis dräi mol am Joer zréck op Lëtzebuerg. De ganzen Numm ass Nicolas Reuter-Giaffone. Reuter ass de Familljennumm vu senger Mamm, a vun do kënnt och d’Lëtzebuerger Ofstamung.