
D’lescht Joer hu se um Circuit Paul Ricard d’Victoire vun de serien-noe Superstockmotorrieder gefeiert, dëst Joer start RAC41 Chromeburner als Leader vun dem World Cup an de prestigiéise 86. Bol d’Or.
Ma am éischte Qualifying hate se un hirer Honda CBR1000 RR-R Fireblade technesch Problemer an hunn duerno den zweete Qualifying de Freideg de Moie fir d’Ofstëmmung op d’Course genotzt. Domadder geet et fir de Chris Leesch als Startfuerer hei am Livestream e Samschdeg Punkt 15 Auer just vu Startplaz 25 an als eeleft Superstock an d’Course. Ma den 28 Joer jonke Pilot bleift roueg an optimistesch.
“Eise Courserhythmus ass schonns déi ganz Woch gutt a mir kënnen em de Podium mat fueren. A wa mer dat erreechen, sinn eis Chancen och gutt, fir mat em den Titel ze fueren.”
Fir d’Ekipp vum Julien Diguet ass et zanter ee puer Joer d’grousst Zil, de Championnat ze gewannen. An och wann Tecmas-MRP BMW mat enger séierer Pole ka 5 Punkten ophuelen, esou hat sech schonns en Dënschdeg am Training hire Fuerer Jan Bühl verletzt an de Reservefuerer Nelson Major huet d’Moto um Enn vum 2. Qualifying zimmlech zerstéiert. Am noosten hannendru leien awer déi zwou Honda-Ekippen “No Limits” als 17. am Qualifying (5. SST) an “National Motos” als 13. (2. SST). Ma a 24 Stonne ka vill passéieren.