E Schued un engem Pneu war den Ausléiser, esou de Parquet Koblenz

Bei enger Testfaart am sougenannten "Industriepool" um Nürburgring waren den 9. August 2023 an engem trageschen Accident 2 Mënschen ëm d‘Liewe komm.
Ënnert den Doudesaffer war de Lëtzebuerger Christian Franck, deen als Testfuerer fir Goodyear geschafft huet. Beim zweeten Doudesaffer handelt et sech ëm en däitsche Pneuen-Ingenieur.
Wéi den däitschen SWR um Méindeg vum Koblenzer Parquet gewuer ginn ass, huet en Expert festgestallt, dass et e Schued um rietsen hënneschte Pneu vum Auto gouf, éier et zum déidlechen Accident komm ass.
Keng Indicen op e Materialfeeler oder technesche Feeler
De Schued um Pneu kéint zum Beispill duerch d'Iwwerfuere vun engem Friemkierper geschitt sinn, deen op der Streck louch oder duerch d'Iwwerfuere vun de Curbs, also der Streckebegrenzung. De Parquet vu Koblenz huet eegenen Informatiounen no d'Enquête ofgeschloss, well et keng Hiweiser op en technesche Feeler, e Materialfeeler oder e Mangel um Auto géif ginn.
Dat ass den SWR op Nofro hi beim Parquet vu Koblenz gewuer ginn.
Beim sougenannten "Industriepool" testen Entreprisen an Hiersteller hir Gefierer a Produiten op der Nordschläif. Heirun dierfe just Testfuerer deelhuelen, déi eng entspriechend Formatioun an deemno och déi néideg Experienz hunn.