Den Nicolas Giaffone-Reuter huet den Dram, bei der legendärer Indy500 Course un den Depart ze goen.

Den Nicolas Giaffone-Reuter ass e Pilot, deen déi brasilianesch a lëtzebuergesch Nationalitéit huet an de Sprong an déi amerikanesch Indycar-Serie wëll packen. D'lescht Saison huet den 19 Joer jonke Pilot eng Nowuesskategorie gewonnen a wëll an 3 Joer an der Indycar un den Depart goen.

D'lescht Saison huet den Nicolas Giaffone-Reuter d'USF-Juniors-Serie gewonnen, déi als Sprangbriet fir an déi amerikanesch Indycar genotzt gëtt. Dowéinst goufe verschidde Course mat der Famille nach emol Revue passéieren gelooss, wéi d'Famill op Besuch am Land war. Zanter de jonke Pilot 3 Joer huet, kënnt hien all Joer mat senger Famill an den Grand Duché. Reuter ass de Familljennumm vu senger Mamm, Alice Chiesa Reuter, a vun do kennt och d'Lëtzebuerger Ofstamung.

Den Ursprong vum Numm kënnt vum deemolege Premierminister Emile Reuter. Deem säi Bouf, de Jean Reuter, ass am Zweete Weltkrich aus beruffleche Grënn an Brasilien ausgewandert an huet do eng Famill gegrënnt. Op Besuch zu Lëtzebuerg bliedert een dowéinst gären an den alle Familljebicher.

RTL

Den deemolege Premierminister Emile Reuter (lénks) a säi Bouf Jean Reuter (riets).

Duerch déi lëtzebuergesch Wuerzelen ass och ëmmer de Roude Léiw um Casque ze fannen a vläicht gesi mir deen och eng Kéier an der Indycar.

RTL