E Samschdeg den Owend war d'Soirée du Sport Automobile vun der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun, dat am Casino zu Munneref.

Hei goufen déi ënnerschiddlech Championen aus de verschiddenen Automobilsportkategorië geéiert.

Ugefaange mam Karting, där Kategorie, an där et fir ganz vill Piloten ugefaangen huet, éier se spéider da weider gefuer si mat Slalom, Biergcourse, Circuit oder Rallye. Hei waren et ënnert anerem de Pit Limpach, den Olivier Poeckes, de Pol Leytem, Gil Linster, Joël Touch, Canio Marchione, Lukas Pelizzari, Max Grassini, Florent Dyrda a Rick Nadin, déi ausgezeechent goufen.

RTL

© Rom Hankes

Am Slalom geet den Titel un de Yannick Flammang, virum Tania Flammang an dem Laurent Rausch.

Um Circuit konnt sech den Daniel Donkels virum Claude Dichter an dem Michel Fernandes behaapten.

Am Biergcourse-Championnat ginn et zwou verschidde Wäertungen. Eemol fir "Voitures de compétition", wou et de Canio Marchione war, deen déi meeschte Punkte gesammelt huet. Hie behaapt sech virum Frank Maas an dem Tommy Rollinger.

Bei de "Voitures de production" geet den Titel 2023 vun de Michel Fernandes, virum Charles Valentiny an dem Yannick Flammang.

RTL

© Rom Hankes

Am Rallye konnt sech de Steve Fernandes eng weider Kéier an de Palmarès aschreiwen. Op Plaz 2 kënnt de Charles Munster an op Plaz 3 de Marijan Griebel. An der Co-Pilote-Wäertung ass et den Titel fir de Belsch Florian Volvert, virum Tom Weyer an dem Niklas Lutter (D).

RTL

© Rom Hankes

An der Rallye-Coupe ka sech de Sam Weimerskirch virum Chris Koenig an dem Tommy Rollinger behaapten. Bei de Co-Piloten ass den Titel eng weider Kéier fir den André (Kik) Foxius, virum Cédric Zoenen am dem Yves Freichel.

An der Wäertung vun de beschten Dammen, verdeelt iwwert déi verschidde Championnater, geet den Titel un d'Tania Flammang virum Sandra Donkels-Becker an dem Nora Michels.

RTL

© Rom Hankes

An der Débutants-Wäertung ass et Yannick Flammang, dee sech mat groussem Virsprong virum Niklas Hefner kann den Titel sécheren.

Da gouf et awer nach en Titel ze verdeelen, an zwar dee vum Autosportler vum Joer. Hei sinn et verschidden Instanzen, déi bei deem Vote hir Stëmmen ofginn. Zum enge sinn et d'Membere vum Comité Directeur vum ACL, dann nach d'Commissairs Sportifs et Techniques vum ACL Sport, d'Membere vum Conseil d'Experts vum ACL Sport an d'Membere vun der Luxembourg Motorsport Writers Association (LMWA). All déi Stëmmen zesummen ziele fir 75% vum Endresultat. Da gëtt et awer och nach e "Vote public", wou jidderee sengem Favorit seng Stëmme ka ginn. Déi Wäertung geet mat 25% an d'Endofrechnung mat eran.

Am Cumul vun all de Stëmmen, koum folgende Podium eraus:

1) Grégoire Munster - 277,75 Punkten
2) Gil Linster - 258,50 Punkten
3) Kevin Peters - 216,50 Punkten

RTL

De Gil Linster an de Kevin Peters si bei der Wiel zum Autosportler vum Joer op d'Plazen 2 an 3 komm. / © Rom Hankes

Deemno gouf de Grégoire Munster fir seng exzellent Saison an der Rallye-WM 2023 geéiert, wou hien an der WRC2-Kategorie op engem Ford Fiesta Rally2 fir M-Sport Ford gefuer ass, grad ewéi op engem Ford Fiesta Rally3 an der Junior-WRC-Kategorie. Hei konnt hie bei der Rally Estonia souguer seng Kategorie gewannen.

RTL

© Henri Schwirtz (Archiv)

Hien hat och zwou Geleeënheeten um Ford Puma Rally1 ze fueren, dat beim Central European Rally, grad wéi um Rally Chile. Hei konnt hie scho säin Talent opblëtze loossen, wat och dozou wäert bäigedroen hunn, dass hie fir d'Saison 2024 d'Vertraue vun M-Sport kritt huet, fir déi komplett Saison als Wierksfuerer fir M-Sport Ford an der Kinneksklass vum Rallyesport op engem Ford Puma Rally1 ze fueren.

De Grégoire Munster konnt bei der Zeremonie um Samschdeg den Owend net present sinn, well hie grad fir e Coaching am Kenia ënnerwee ass. En huet sech awer via Video-Message eragemellt an de Leit Merci gesot, fir déi ganz speziell Éierung.

RTL

De Grégoire Munster huet sech aus dem Kenia via Video-Message gemellt, fir Merci ze soen, fir d'Auszeechnung als Autosportler vum Joer 2023. / © Rom Hankes

Soirée du Sport Automobile - ouni all d'Piloten?

Den Dr. Yves Wagner, President vum ACL, huet a senger Ried profitéiert, fir de Membere vum ACL Sport Merci ze soen, fir all hir Aarbecht, déi se an de Lëtzebuerger Automobilsport investéieren. Zejoert gouf jo mam Romain Gantrel en neie President fir d'Automobilsport-Federatioun an d'Boot geholl, dee scho jorelaang Erfarung als fréiere Pilot an Organisator matbruecht huet. U senger Säit huet e mam Florian Brouir en nach ganz jonken Directeur Sportif, deen den éischten Uspriechpartner fir all d'Piloten an Organisateuren ass.

RTL

Dr. Yves Wagner / © Rom Hankes

De Romain Gantrel huet sech a senger Ried dann och dofir entschëllegt, dass et e Problem beim Verschécke vun den Invitatioune fir d'Soirée du Sport Automobile gouf. Sou kruten nämlech e sëllege Lizenzéierter guer keng Invitatioun, fir bei dësem Owend, op deem eigentlech genee si sollte gefeiert ginn, dobäi ze sinn. Et géif analyséiert ginn, wou de Feeler geschitt ass, fir dass dat sech déi nächst Joren net méi reproduzéiere kann.

RTL

Romain Gantrel / © Rom Hankes

Positiv Entwécklungen

De Romain Gantrel huet dann awer och op déi positiv Entwécklung am Lëtzebuerger Automobilsport higewisen. Net just op internationalem Niveau, wou jo eng ganz Partie Piloten an de leschte Joren op sech opmierksam maachen. Sou z.B. e Gil Linster, deen als éischte Lëtzebuerger an der Nascar um Depart war an do eng 7. Plaz zu Daytona konnt mat heem bréngen.

RTL

© Rom Hankes

E Kevin Peters, deen an der Autocross-EM ëmmer nees um Podium ze gesinn ass, e Grégoire Munster, dee mëttlerweil Wierkspilot an der Rallye-WM ass, oder nach en Dylan Pereira, deen op de Circuiten uechter d'Welt ëmmer nees mat Beschtzäiten d'Profi-Konkurrenz al ausgesi léisst.Ma och op nationalem Niveau ginn et positiv Entwécklungen. Sou ass et dëst Joer z.B. de Retour vun der Eschduerfer Biergcourse, dat ënnert dem onermiddlechen Asaz vun ënnert anerem dem Laurent Rausch vun der Union des Pilotes.

RTL

Laurent Rausch / © Rom Hankes

Soumat ass de Rallye Lëtzebuerg dëst Joer net den eenzege Motorsport-Event am ACL-Sport-Kalenner, deen op Lëtzebuerger Buedem gefuer gëtt.Et hätten och gutt Gespréicher mat de Verantwortleche vum Circuit zu Colmer-Bierg ginn, sou dass een do och an Zukunft nees Veranstaltungen dierft organiséieren.Da gouf awer och nach de "Projet Monnerech" ernimmt, wou et dem Romain Gantrel wichteg war net ze soen "Karting-Pist Monnerech". Weider Detailer goufen net genannt... ma et leeft wuel drop eraus, dass zu Monnerech an Zukunft och nach aner Aktivitéite wéi just Karting dierfte gebuede ginn.

Den Directeur Sportif Florian Brouir huet ugekënnegt, dass et dëst Joer och eng e-Sports-Wäertung wäert ginn, wou dat ganzt Joer iwwer d'Pilote kéinte Punkte sammelen. De Gewënner vertrëtt Lëtzebuerg dann am Oktober bei de FIA Motorsport Games zu Valencia a Spuenien. Weider Detailer ass een awer nach net gewuer ginn.

RTL

Florian Brouir, Directeur Sportif vum ACL Sport / © Rom Hankes

RTL

© Rom Hankes

Neien "Comité Directeur" vum ACL Sport

Déi lescht Jore gouf et e sëllegen Ännerungen an der Zesummestellung vum Directoire vum ACL Sport. Esou war et dann och e Samschdeg den Owend d'Ukënnegung, dass elo en neie Comité Directeur zesummegestallt gouf fir d'Joer 2024.

GANTREL Romain (President)

BROCHADO André (Commissaire Technique)
BROUIR Florian (Directeur sportif)
FRASCHT Christiane (Coordinatrice administrative & sportive)
GREGORIUS Dean
JUCHEM Jean-Claude (Directeur général de l'ACL)
KNEPPER Guy (Commissaire Technique)
RECHT Fabien (Gérant piste de karting à Mondercange)
SCHWIRTZ Henri (Membre CIK & Photographe)