Vum 14.-16. Mäerz gouf ronderëm Girona a Spuenien den 1. Laf vun der historescher Rallye-Europameeschterschaft gefuer. Mat um Depart och Lëtzebuerger.

De Rallye un der Costa Brava zielt net just fir d'historesch ERC, ma och fir dat spuenescht Histo-Championnat. Deementspriechend grouss war dann och d'Starterfeld. Net manner wéi 170 Teams waren no der technescher Ofnam nach zougelooss, fir um Rallye deelzehuelen.

Och dräi Lëtzebuerger Equipagen hunn de wäite Wee bis op Girona opsechgeholl.

Et waren dat:

Yann Munhowen / Luc Kalmes - BMW M3 E30
Bob Kellen / Nathalie Hoffmann - Ford Escort MKII
Paul Kellen / Etienne Heirens - Austin Healey 3000 MKIII

RTL

© Andy Brücker

RTL

© Andy Brücker

RTL

© Andy Brücker

Déi dräi Equipage sinn an dräi verschiddene Kategorien un den Depart gaangen. De Yann Munhowen an de Luc Kalmes si mat der Startnummer 57 géint d'Equipagë gefuer, déi an der Europameeschterschaft gemellt sinn. Hei krute si et mat der Elite vum historesche Rallyesport ze dinn, grad ewéi mat Autoen, déi engem e Grinsen an d'Gesiicht zauberen, wann een d'Nimm just héieren.

Hei e puer Beispiller:

Lancia 037 Rally, Lancia Statros HF, Audi Quattro, Porsche 911 Carrera RS, Seat Ibiza Kitcar, BMW 2002 Ti, Alfa Romeo Giulia Sprint GTA, Lancia Delta Integrale, Ford Sierra RS Cosworth 4x4, Renault 5 Turbo, Alpine-Renault A310, Ford Escort RS 1800 MKII, Opel Corsa A GSI, Subaru Legacy 4WD Turbo,.... asw.

Ma och de Modell, mat deem d'Lëtzebuerger gestart sinn, war extrem beléift. Heibäi handelt et sech ëm e BMW M3 E30. Där waren der net manner wéi 19 um Depart, verdeelt op déi verschidde Kategorien.

Den Depart vum Rallye war Freides moies um 10.35 mat der 1. Special, an et sollt dann och direkt mat enger schwierege Decisioun lassgoen. An der Nuecht op e Freideg hat et nämlech liicht gereent, an och an de Moiesstonnen huet et weider deels gefisemt, deels méi staark gereent. Et hat zwar virum Depart opgehalen, ma d'Fro war elo, mat wéi enge Pneuen een erausfiert. An der historescher EM huet ee just 10 Pneuen zegutt, déi een am Virfeld muss uginn, plus dann nach d'Reepneuen. Obwuel am Service alles dréche war, huet den Equipage Munnhowen/Kalmes sech dofir decidéiert, mat 2 Reepneuen erauszefueren.

RTL

© Andy Brücker

Dee Choix sollt sech net als falsch erausstellen, well op der éischter Special war et eng 9. Zäit am Gesamtklassement (ERC + Spuenescht Championnat). An dat trotz engem Platten, déi si sech agefaangen haten!

Op der zweeter Special hu se du mussen op der viischter Achs mat engem Reen, a mat engem Rallye-Slick fueren. Dat huet erstaunlech gutt funktionéiert an um Enn war et hei déi 6. Plaz am General. Leader deen Ament war keen anere wéi de fréieren Europameeschter Simon Jean-Joseph op Subaru Impreza 555!

Um Enn vum Freideg louche Munhowen/Kalmes op Plaz 7 am Generalklassement, woumat kee sou wierklech gerechent hat. D'Top 3 ware beluecht vun dräi Fransousen, dat op Subaru Impreza, op Porsche 911 SC an op BMW M3 E30.

E Samschdeg de Moien op der 7. Special huet de Lëtzebuerger Duo e bëssen Zäit op d'Spëtzt leie gelooss, ma op der 8. Special ware se wakereg, a sinn eng exzellent 3.-séierst Zäit am General gefuer. Duerno koume konstant just nach Top-10- bis Top-5-Zäiten, sou dass de Yann Munhowen an de Luc Kalmes um Enn déi ganz gutt 6. am Generalklassement gi sinn. D'Freed op der Arrivée war deementspriechend grouss an et gouf nach laang gefeiert.

Rally Costa Brava - Yann Munhowen/Luc Kalmes an Aktioun
Si koume mam BMW M3 E30 op déi exzellent 6. Plaz am Generalklassement vum Rallye-EM-Laf (Historic).

Keen Happy End mam Ford Escort

De Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann si mat hirem modifizéierte Ford Escort MKII an enger Klass am spuenesche Championnat ënnerkomm. Dofir hate si dann och déi héich Startnummer 99.

RTL

© Ruben Zeltner

Duerch déi héich Startpositioun koum et dann och dozou, dass si déi 1. Special net fuere konnten, well déi no engem Accident neutraliséiert gouf. An deem Fall kréien déi Equipagen, déi d'Special net fuere konnten, eng neutraliséiert Zäit. Déi ass an dësem Fall awer sou héich ausgefall (+3 Minutten 16 Sekonnen), dass ee quasi no WP1 scho guer keng Chance méi op e gutt Resultat hat, obwuel een nach net 1 Meter gefuer ass. Do huet d'Rallye-Direktioun och net mat sech diskutéiere gelooss. Plaz 77 no WP1 steet am Zäitemonitor fir Kellen/Hoffmann.

Op der 2. Special si se mam Escort déi 10. Zäit am General gefuer, nëmmen 11,8 Sekonne méi lues wéi de Simon Jean-Joseph an de Yannick Roche um Subaru Impreza, respektiv 3,3 Sekonne méi lues wéi Munhowen/Kalmes um BMW M3 E30. Ënnert de Ford Escort ware se bei wäitem déi Séierst.

RTL

© Andy Brücker

Op der 3. Special war et déi 22. Zäit am General (+22,3 Sekonnen). Deen Ament hate sech Kellen/Hoffmann schonn op Plaz 58 no vir geschafft am General.

Op der 4. Special huet de Ford Escort MKII dunn awer ugefaange Problemer ze maachen. En ass just nach op 3 Zylinder gelaf. Si sinn nach déi 24. séierst Zäit gefuer. No der Arrivée huet de Bob Kellen probéiert, de Problem ze lokaliséieren, ma huet decidéiert, aus Sécherheetsgrënn den Auto stoen ze loossen, fir net ze riskéieren, de Moto ganz futti ze maachen.

Nodeems den Auto zeréck am Service-Park war ass d'Feelersich weidergaangen, an et huet sech erausgestallt, dass et richteg war, net weider ze fueren. De Rallye war definitiv eriwwer an d'Enttäuschung grouss. En Top 15-Resultat wier bei dësem Rallye mat 170 Autoen duerchaus méiglech gewiescht.

RTL

© Andy Brücker

Den Healey huet gelidden

An der Kategorie vun der Regularitéit sinn de Paul Kellen an den Etienne Heirens um Austin Healey 3000 MKIII ugetrueden. Den Auto u sech huet sech scho wärend der technescher Kontroll als Publikumsmagnéit erauskristalliséiert.

RTL

© Laurent Faber

De Start um Freideg war eigentlech och gutt gelaf, ma schonn op der 2. Special war Schluss. Nëmmen e puer Meter virun der Arrivée huet de Paul Kellen eng falsch Linn gewielt, fir duerch déi lescht Lénkskéier ze kommen, wou schonn eng ganz Partie Dreck op der Strooss louch. Si si mam Austin Healey vun der Streck ofkomm a mat der Bäifuerersäit an e puer Perchepéil geroden. Si sinn dobäi och mam Ënnerbuedem opgesat, sou dass se do net méi vum selwen erauskomm sinn.

RTL

© Etienne Heirens

Wéi den Auto bis befreit war, si se zeréck an de Service gefuer, wou du mat schwéierem Geschier den Auto nees fit gemaach gouf, sou dass se samschdes nees konnten un den Depart goen. Heibäi goung et awer net méi drëm, nach e Resultat ze maachen, ma einfach fir déi schéin Strecken an d'Ambiance mat den Dausenden Zuschauer ze genéissen.

De Paul Kellen an den Etienne Heirens sinn hei nach emol 3 Specialle gefuer, an hunn duerno den Auto opgelueden. Elo waarden e puer Karosserieaarbechten op den Austin Healey.

Den Ausfluch a Katalounien huet sech deemno sou direkt just fir d'Equipe vum Yann Munhowen a Luc Kalmes gerechent, ma all Rallye-Fan ass hei op seng Käschte komm. Hei kritt een net just wonnerschéi Rallyeautoen ze gesinn, ma si ginn och nach richteg beweegt an net just spadséiere gefuer.

Fir d'Fans vun eelere Rallyeautoen, ass de Rally Costa Brava definitiv eng Rees wäert.