De Samschdeg war e schlechten Dag fir d'Munster-Bridder

© LUIS TATO / AFP
An der Rallye Weltmeeschterschaft gëtt aktuell d'Safari-Rallye gefuer, dëst a Kenia. Mat um Depart sinn och de Grégoire an de Charles Munster.
De Grégoire Munster an de Louis Louka waren op hirem Ford Puma Rally1 déi 6. am Generalklassement, no den éischte 7 Speciallen. Deemno ware si absolutt am Soll, ouni dobäi grousse Risiko ze goen.
E Samschdeg de Moien op der 1. Special vum Dag, sollt sech d'Blat awer dréinen. Si kruten an enger Kéier lénks baussen e Steen ze paken, deen an enger Heck verstoppt war, wouduerch d'Ophänkung hanne riets beschiedegt gouf. Si konnten d'Special nach am Schrëtttempo fäerdeg fueren an hunn no der Stempelkontroll probéiert de Schued ze flécken. Mat allem wat se u Geschier u Bord haten, mat vill Asaz a Schweess huet de Grégoire Munster alles probéiert, fir dass se weider fuere konnten, ma et ass him net gelongen. De Schued war ze grouss an si hu mussen opginn. D'Enttäuschung war natierlech grouss, wat een och am Interview gesinn huet, deen hien nach op der Plaz de Kolleege vun Dirtfish ginn huet.
Elo heescht et um Sonndeg nach emol un den Depart goen a weider Erfarunge sammelen. Dobäi kënnt, dass um Sonndeg och nach emol Dagespunkte verdeelt ginn, wouduerch d'Chance bestoe bleift, net mat eidelen Hänn heem ze fueren.
Charles Munster mat änlechem Schicksal wéi säin eelere Brudder
De Charles Munster ass en zolitte Rallye gefuer, a konnt seng 5. Plaz an der WRC2-Kategorie festegen. Een Ament war hie souguer no u Plaz 4 drun, wéi de Fransous Nicolas Ciamin op der längster Special vill Zäit leie gelooss hat. Just nach 3,8 Sekonne Réckstand waren et no der Special 10. Nom Service huet de Fransous den Tempo awer nees ugezunn a konnt sech nees e bëssen ofsetzen.

© Nikos Katikis / DPPI via AFP
Beim zweete Passage vun der "Sleeping Warrior"-Special, déi iwwer 36 Kilometer laang ass, huet et dunn de Charles Munster an de Loïc Dumont erwëscht. Bei hinne war et net hanne lénks, ma vir riets, wou d'Suspensioun eng erwëscht hat. Si hunn den Auto op der Special musse flécken an hunn doduerch immens vill Zäit verluer. Bal 15 Minutte waren et um Enn op den Oliver Solberg, deen d'Beschtzäit an der WRC2-Kategorie gefuer war.
An der WRC2 bleift de Lëtzebuerger-belschen Duo op Plaz 5, huet awer elo 13min30 Réckstand op Plaz 4. No hannen hu se 2 Minutte Virsprong. Am Generalklassement si se op Plaz 12.
E Sonndeg bleiwen nach 6 Speciallen ze fueren.
Rovanperä ouni Konkurrenz un der Spëtzt
De finneschen Duo Kalle Rovanperä a Jonne Halttunen op Toyota GR Yaris Rally1 konnt um Samschdeg e bësse Speed eraushuelen, nodeems d'Konkurrenten een nom aneren entweder technesch Problemer haten, oder mat Platte geplot waren. Si hu fir e Sonndeg 2min08 Virsprong op Katsuta/Johnston (Toyota GR Yaris Rally1) an 3min13 op Fourmaux/Coria (Ford Puma Rally1).