Gil Linster no Fuerfeeler just 6. zu Brands Hatch
Op dem drëtte Circuit fir dës Saison koum de Lëtzebuerger net iwwer déi 6. Plaz eraus, wärend de Martin Doubek seng nächst Course gewanne konnt.
An der EuroNASCAR 2 war e Samschdeg déi 5. Course vun der Saison zu Brands Hatch a Groussbritannien. No 34 vun ursprénglech 31 Tier konnt sech de Martin Doubek souverän virum Claudio Cappelli an dem Thomas Krasonis duerchsetzen. De Lëtzebuerger Gil Linster koum als 6. an d'Zil.
De Lëtzebuerger war vun der zweeter Plaz an d'Course gaangen, hanner sengem Teamkolleeg Martin Doubek, dem Éischten am Generalklassement. Déi éischt 10 Tier konnt de Linster no um Doubek dru bleiwen, mee duerno huet de Cappelli vun hannen Drock gemaach an de Lëtzebuerger huet seng Ae méi op de Réckspigel musse fokusséieren. Dovu konnt den Doubek profitéieren a sech ofsetzen.
De Linster konnt sech bis an déi 23. Ronn géint den Drock vum Cappelli wieren, huet dunn awer e Feeler am Ausgang vun enger Kéier produzéiert an ass vun der Strooss ofkomm, soudass hie sech duerno op der 6. Plaz erëmfonnt huet. Hien hätt den zweete Gang net erakritt a wär doduerch zeréckgefall, sot de Gil Linster no der Course.
Kuerz duerno gouf et eng Sortie vun engem aneren Auto, firwat d'Course wärend fënnef Ronnen hanner dem Safety Car gefuer an d'Renndistanz op 34 Tier erhéicht gouf. Den 30 Joer ale Lëtzebuerger konnt sech an de leschte Ronnen net méi no vir schaffen an ass als 6. iwwer de wäisse Stréch gefuer.
Am Generalklassement verléiert de Linster domat u weider Buedem par rapport zum Martin Doubek. Den Tschech krut duerch d'Victoire weider 40 Punkten a baut seng Féierung am General aus. Well den Thomas Töffel, bis virun der Course Zweeten, just 14 Punkte krut, ass de Linster mat sengen 31 Punkte laanscht den Éisträicher gezunn an ass neien Zweeten. De Réckstand op den Doubek bedréit awer schonn 38 Punkten. Neien Zweeten ass den Thomas Krasonis.
E Sonndeg steet déi 6. Course och zu Brands Hatch um Programm.