Dëse Weekend ass am hollännesche Venray den eenzegen Oval am Kalenner vun der Euro Whelen Nascar Series. De Gil Linster gouf no engem Problem de 16..

Zu Venray wollt de Gil Linster probéieren, Punkten op säin Teamkolleeg Martin Doubek guttzemaachen. Um Samschdegmoie an den zwou fräien Trainingsessions hu sech déi zwee Éischtplacéiert am Klassement déi séierst Zäit am Hallef-Meilen-Oval gedeelt. Am Nomëtteg am Qualifying hat de Lëtzebuerger op senger séierster Ronn e klenge Rutscher, mee konnt säin Toyota Camry awer op déi 3. Plaz stellen.

Beim Depart vun der siwenter an eenzeger Manche dëse Weekend huet de Gil Linster seng 3. Plaz  bis an déi 12. Ronn verdeedegt. Op eemol ass den Auto mat der Nummer 50 vum Hendriks Motorsport Team lues ginn an huet mussen an d’Boxegaass fueren. Et huet sech erausgestallt, datt en iwwerronnten Auto virum Lëtzebuerger den Auspuff verluer hat an dësen ass dem Lëtzebuerger ënner säi viischte rietse Pneu geflunn. Onglécklecherweis huet de Pneu ganz séier Loft verluer an huet musse gewiesselt ginn. Mat sechs Ronne Réckstand ass den Auto mat der Nummer 50 nees zeréck op d’Pist komm, mee leider war d’Course gelaf.

Gewonnen huet zum Leed vum Lëtzebuerger, wann een d’Klassement kuckt, de Martin Doubek, virum Capelli an dem Vargas. De Frust beim Lëtzebuerger, deen de 16. ginn ass, war ëmsou méi grouss, well dëse Weekend um Oval nëmmen eng Manche gefuer gëtt.

Déi nächst Course ass vum 31. August bis den 1. September zu Most an Tschechien.