Duerch d'Victoire am hollänneschen Assen huet den Italiener elo dräi Courssen hannertenee gewonnen.

Fir de Francesco Bagnaia huet de Weekend an Holland an der MotoGP eng weider Kéier alles gestëmmt. Bei beschtem Wieder huet hie sech zu Assen vu senger beschter Säit gewisen an der Konkurrenz keng Change gelooss. Um Enn wënnt hien d'Course virum Jorge Martin an dem Enea Bastianini. Am General kann de Francesco Bagnaia duerch déi drëtt Victoire hannerteneen den Ecart op de Leader Jorge Martin mat 200 Punkten op elo nëmmen nach 10 Punkte verréngeren. Drëtten am Klassement ass de Marc Marquez, deen um Sonndeg duerch eng Strof nodréiglech nach op déi 10. Plaz gefall ass.

An der Moto2 sammelt den Ai Ogura weider wichteg Punkte fir de General. De Japaner huet sech zu Assen virum Fermin Aldeguer an dem Sergio Garcia duerchgesat a réckelt domat op 14 Punkten un de Leader erun.

An der Moto3 gouf et dann nach eng Victoire fir den Ivan Ortola, dat knapp virum Collin Veijer an dem David Munoz. Leader am Generalklassement ass weiderhin den David Alonso.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 F. Bagnaia 40:07.214
2 J. Martin 3.676
3 E. Bastianini 7.073
4 F. Di Giannantonio 8.299
5 M. Vinales 8.258
6 B. Binder 16.005
7 A. Marquez 21.095
8 R. Fernandez 22.368
9 F. Morbidelli 23.413
10 M. Marquez 7.868

Moto2

1. A. Ogura 35:27.293
2. F. Aldeguer 0.571
3. S. Garcia 4.252
4. J. Dixon 8.985
5. S. Chantra 9.949
6.T. Arbolino 10.069
7. M. Ramirez 12.488
8. A. Lopez 12.592
9. M. Gonzalez 12.734
10. C. Vietti 12.986

Moto3

1. I. Ortola 33:45.971
2. C. Veijer 0.012
3. D. Munoz 2.197
4. J. Antonio 2.430
5. D. Alonso 2.460
6. L. Lunetta 2.487
7. A. Fernandez 2.531
8. A. Piqueras 2.689
9. S. Nepa 2.877
10. R. Yamanaka 2.932

De General

MotoGP

1. Jorge Martin 200
2. Francesco Bagnaia 190
3. Marc Marquez 142
4. Enea Bastianini 136
5. Maverick Vinales 118
6. Pedro Acosta 101
7. Brad Binder 99
8. Fabio Di Giannantonio 92
9. Aleix Espargaro 82
10. Alex Marquez 62

Moto2

1. Sergio Garcia 138
2. Ai Ogura 124
3. Joe Roberts 115
4. Alonso Lopez 87
5. Fermin Aldeguer 83
6. Manuel Gonzalez 73
7. Aron Canet 58
8. Albert Arenas 48
9. Jeremy Alcoba 46
10. Somkiat Chantra 46

Moto3

1. David Alonso 154
2. Collin Veijer 115
3. Daniel Holgado 111
4. Ivan Ortola 105
5. David Munoz 76
6. Ryusei Yamanaka 62
7. Jose Antonio Rueda 58
8. Adrian Fernandez 54
9. Joel Kelso 50
10. Angel Piqueiras 49