Den Jonathan Wheatley wiesselt vu Red Bull bei Audi

© AFP
De Sportdirekter vu Red Bull gëtt Teamchef vum zukünftegen Audi F1-Wierksteam.
Um Donneschdeg am Nomëtteg huet Audi matgedeelt, dass et hinne gelongen ass e weideren Top-Expert fir hiren F1-Projet ze rekrutéieren. Nëmmen e puer Deeg nodeems schonn d'Arrivée vum Mattia Binotto ugekënnegt gouf, ass et elo de Sportdirekter vu Red Bull, deen et bei Audi zitt. Hien iwwerhëlt do d'Roll vum Teamchef.
Red Bull huet den Depart och an de soziale Medien bestätegt. De Wheatley bleift nach bis d'Enn vun der Saison a senger Roll als Sportdirekter. D'Team wënscht him vill Erfolleg a senger neier Roll beim zukünftege Konkurrent a wäert an den nächste Wochen déi nei Teamstruktur bei Red Bull virstellen. De Wheatley hat 18 Joer mam Christian Horner zesummegeschafft.
De Mattia Binotto an den Jonathan Wheatley fungéieren an Zukunft als Duo un der Spëtzt vun der neier Ecurie. De Binotto iwwerhëlt hei d'Roll als COO (Chief Operating Officer) an CTO (Chief Technical Officer), iwwerdeems den Jonathan Wheatley d'Responsabilitéit als Teamchef bei Audi an der Formel 1 iwwerhëlt.
Rumeuren no war och de Lëtzebuerger Mike Krack am Gespréich fir de Poste bei Audi. Deen huet ëmmer nees dementéiert a betount, seng Erausfuerderung bei Aston Martin wär nach laang net eriwwer.