Kee gudde Weekend fir den Chester Kieffer

No der Summerpaus an enger enttäuschender Course um Nürburgring, war et nees kee gudde Weekend fir den Chester Kieffer zu Magny-Cours a Frankräich.
Duerch en technesche Problem am fräien Training hat de Lëtzebuerger F4-Pilot keng Chance, den Auto richteg anzestellen. Dowéinst war et schwiereg sech an eng gutt Ausgangspositioun fir de Weekend ze bréngen. Deemno war och d'Qualifikatioun net evident. Déi 20. Plaz war d'Startpositioun fir déi éischt Course.
An der éischter Manche vum Weekend konnt den Chester Kieffer sech op déi 11. Positioun no vir kämpfen. An der zweeter Course vum Weekend ass hien als 10. iwwert de wäisse Stréch gefuer. Mat dëse Plaze konnt hien awer keng Punkte fir d'Championnat sammelen.
De Start vun der leschter Course war awer villverspriechend. Nom éischten Tour war den Chester Kieffer den 11. an hat gutt Chancen an d'Punkten ze fueren. Opgrond vun engem Tëschefall mat engem anere Pilot gouf et awer e Schued u sengem Formel-4, deen irreparabel war.
Och wann den Chester Kieffer zu Magny-Cours keng Punkte sammelen konnt, bleift hien am Klassement vum franséischen F4-Championnat de 4..
Déi nächst Course gëtt vum 13.-15. September zu Dijon gefuer.