Black Falcon Team 48 Losch ka sech fréizäiteg Titel sécheren, Jans muss nosëtzen

De Weekend war de 5. Laf vun der Nürburgring Langstrecken-Serie NLS, wou et fir d'Black Falcon Team 48 Losch Grond ze feiere gouf.
Dat ass jo d'Team, bei deem och de Lëtzebuerger Steve Jans fiert. Hie konnt bei der 5. Course vun der Saison awer net un den Depart goen, well hie säin Nordschleife-Permit nei muss maachen.
Wéi koum et dozou?
Virun den NLS-Coursse gi via Zoufallsprinzip freides eng Partie Piloten erausgepickt, fir de Permit-Test ze maachen. Hei muss een dann 10 Froe beäntweren. De Steve Jans huet dann och 9 vun 10 Froe richteg beäntwert. Wat an der Schoul duergeet, fir eng ganz gutt Bewäertung ze kréien, geet bei der NLS net duer. Hei gëllt just 10 vun 10! De Lëtzebuerger Pilot krut nach op der Plaz säi Permit, fir op der Nordschleife-Course ze fueren, ofgeholl.

Fir de Steve Jans heescht et an den nächste Wochen d'Reegelwierk vun der NLS nach emol ze studéieren. / © Andy Brücker
De Lëtzebuerger huet nach probéiert z'argumentéieren, well hien an all deene Joren, wou hien elo schonn um Ring fiert, nach ni negativ opgefall war. Ma et war net mat de Responsabelen ze schwätzen... Reegele si Reegelen, an hie gouf fir d'NLS5-Course disqualifizéiert.
Freides virun der NLS6 kann hien elo nach emol e Permit-Test maachen. Wann en dee besteet, kann hie bei der leschter Course vun der Saison nees un den Depart goen.
Deemno hunn déi zwee däitsch Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek de Porsche 911 GT3 Cup mat der Startnummer 148 eleng mussen iwwert de Circuit hetzen.

Äifel-Wieder bestëmmt de Rhythmus
Wéi et sech am Oktober sou gehéiert an der Äifel, huet d'Wieder eng net onwichteg Roll gespillt. Wärend dem Qualifying huet et gereent, ma fir d'Startnummer 148 sollt dat kee gréissere Problem duerstellen. Si konnten den Auto op Plaz 1 an hirer Klass positionéieren, an op Plaz 5 am Generalklassement.
An der Course ass den Tobias Müller de Start gefuer an hie konnt trotz naasser Streck exzellent Zäite fueren, sou dass hien an der 4. Ronn schonn op déi 2. Plaz am Generalklassement no vir gefuer ass.
Och nodeems d'Streck ofgedréchent ass, an een op Slicks gewiesselt ass, konnt een de Speed un der Spëtzt weider halen an um Enn behaapt ee sech an der Klass virun der Startnummer 120 mat Blickle/Scheebarth/Jahn (AVIA W&S Motorsport-Team), dat och mam Noah Nagelsdiek um Steier. Am Generalklassement war et um Enn Plaz 4. Duerch dës Klassevictoire konnt d'Black Falcon Team 48 Losch sech fréizäiteg den Titel an der Porsche Endurance Trophy Nürburgring (PETN) sécheren, dat obwuel nach eng Course am November ze fuere bleift.
No der Course gouf den Tobias Müller dann als Gewënner geéiert... hei hätt am Prinzip dann och de Steve Jans gestanen. Ma duerch säin ee Feeler am Permit-Test, war him dat net vergonnt. De Steve kann am Prinzip bei der leschter Course vun der Saison punktentechnesch nach gläichzéien, falls hien do fuere kann an och nees d'Klass gewënnt, iwwerdeem den Tobias Müller dann net punkten dierft. Iwwer esou eng taktesch Méiglechkeet mécht ee sech aktuell am Team Gedanken.
Generalklassement vun der NLS5
Gewonne gouf NLS5 vum Klaus Bachler an Alessio Picariello am Porsche 911 GT3 R (Falken Motorsport), viru Frank Stippler an Nico Bastian am Audi R8 LMS GT3 EVO 2 (Scherer Sport PHX) an dem Dennis Fetzer, Michele Beretta a Jusuf Owega am Mercedes-AMG GT3 (Team Advan x HRT).
Déi lescht Course vun der NLS-Saison ass de 16. November. Hei fält dann och d'Decisioun ëm den Titel an der NLS an eventuell gëtt et dann och nach d'Geleeënheet fir de Steve Jans, dach nach den Titel an der Porsche Endurance Trophy Nürburgring ze feieren, wann och mat e puer Woche Verspéidung.