De Grousse Präis vun der Belsch bleift bis 2031 am F1-Kalenner, mee muss sech an Zukunft mat engem aneren europäesche Circuit ofwiesselen.

Déi gutt Nouvelle: De legendäre Circuit vu Spa-Franchorchamps bleift Deel vun der Formel 1. De belsche Promoteur huet säi Kontrakt, dee bis 2025 gelaf ass, elo bis 2031 verlängert. Dat wäert d’Piloten, déi d’Ardennen-Achterbunn zu hire Liblingsstrecken zielen a vill Fans freeën. D'lescht Joer goufen iwwert de ganze Weekend 380.000 Spectateure gezielt.

Déi schlecht Nouvelle: De Grousse Präis vun der Belsch ass déi éischt Course, déi an Zukunft net méi all Joer um Programm steet. 2028 an 2030 muss Spa-Francorchamps aussetzen. Déi nächst F1-Courssen an der Belsch sinn deemno 2025, 2026, 2027, 2029 an 2031.
 
Dës Entwécklung kënnt net ganz iwwerraschend: De Stefano Domenicali, CEO vun der Formel 1, hat schonn am Hierscht annoncéiert, dass virun allem europäesch Circuiten an Zukunft rotéiere mussen. Och wann déi meescht Tradtiounscircuiten an Europa leien, wëll d'Formel 1 manner dacks um ale Kontinent fueren. Geplangt sinn ënnert anerem Courssen a Länner a Regiounen, wou d'Regierungen de Portmonni méi grouss opmaachen. Donieft wéilt d'Formel 1 virun allem aus Image-Grënn zeréck an Afrika. Well de Kalenner mat aktuell 24 Coursse scho méi wéi voll ass, fänkt d’Formel 1 elo u mat raumen, fir Plaz fir nei Destinatiounen ze maachen.