Spektakulären Optakt an déi nei Formel-1-Saison
D'Formel 1 huet an der O2-Arena zu London mat all hiren Écurien de groussen Optakt an d'Saison 2025 gefeiert. Virun allem déi nei Autoe stoungen am Fokus.
75 Joer ass et hier, datt an der Kinneksklass vum Motorsport fir d'éischte Kéier ëm eng Weltmeeschter-Kroun gefuer gouf. Deen Anniversaire hat ee sech bei der Formel 1 dann och direkt als Motto fir de grousse Start an déi nei Saison erausgesicht. Fir d’éischte Kéier nämlech hunn alleguer d’Écurien hir nei Autoen zesumme beim sougenannten "F1 75"-Event virgestallt. Am Virfeld konnt ee sech als Supporter fir dësen historeschen Owend Tickete sécheren, déi allerdéngs extrem séier ausverkaaft waren. Fir d’Majoritéit vun de Leit hat d'Formel 1 ee Live-Stream produzéiert. Nieft den Autoe stoungen och d'Pilote voll am Fokus. Hei natierlech virun allem den amtéierende Weltmeeschter Max Verstappen, de Lewis Hamilton, dee viru senger éischter Saison bei Ferrari steet an och de Lando Norris, deen 2024 zesumme mat McLaren den Titel bei de Konstrukteure feiere konnt.
Kuckt hei de kompletten F1 75 Event op YouTube.
Ugefaange gouf allerdéngs weder mat de Piloten, nach mat den Autoen. De Machine Gun Kelly, amerikanesche Rapper a Singer-Songwriter, huet d’Spectateuren an der Arena an doheem agestëmmt. Sécherlech net manner stëmmungsvoll war d’Moderatioun vum Jack Whitehall, dee mat vill Witzer duerch den Owend geleet huet.
Dat Wichtegst sollt awer net ze kuerz kommen: Als éischt un der Rei waren déi 2024 hanne placéiert Écurie Sauber, Williams a Racing Bulls. Hei war et virun allem d’Schwëster-Écurie vu Red Bull, déi mat hirem elo wäissen Auto fir Staune beim Public gesuergt huet. Sauber a Williams wäerten dogéint och 2025 mat engem wéi gewinnt gréngen a bloen Auto un de Start goen. Dat ass sécherlech och fir de Carlos Sainz eng Ëmstellung, dee jo déi lescht Jore Ferrari-Rout gewinnt war an elo nieft dem Alexander Albon mam FW47 vu Williams starte wäert.
Als nächst um Programm stoung d’Presentatioun vun den Écurien Haas, Alpine an Aston Martin, wou virun allem Aston mat engem James-Bond-Intro d’Spectateure matrappe konnt. Den Design vum Auto ass awer genee wéi d’Pilote Fernando Alonso a Lance Stroll nämmlecht bliwwen. Haas, déi schonn een éischten Test zu Silverstone gefuer waren an elo an hir 10. Saison an der Formel 1 ginn, bleiwen hirem bekannte Faarf-Schema trei. Nei an der Ekipp ass awer den Esteban Ocon, dee vun Alpine eriwwer gewiesselt ass. Och déi franséisch-brittesch Écurie ännert, wat den Design ugeet, net vill, setzt allerdéngs nach e bësse méi op blo a rosa.
Fir ofzeschléissen dann de groussen Optrëtt vun de véier Top-Écurië vun der leschter Saison: Mercedes, bei deenen eng nei Era ouni de Lewis Hamilton ugeet, ginn dëst Joer mat enger Mëschung aus sëlwer a schwaarz un den Depart. Ersatz fir den Hamilton ass de réischt 18 Joer alen Andrea Kimi Antonelli, deen nieft dem George Russell starte wäert. Den amtéierende Weltmeeschter Max Verstappen a de Liam Lawson wäerten awer mussen a praktesch den nämmlechten Auto klammen, wéi d‘lescht Joer. Beim neie Red Bull muss ee schonn d’Lupp eraushuelen, fir eng Differenz zu dem Auto vun 2024 ze fannen.
Ferrari start net nëmme mam siwefache Weltmeeschter Lewis Hamilton an déi nei Saison, mee och mat enger décker wäisser Sträif hannen um rouden SF-25. Dat huet och dem Charles Leclerc gefall, deen den Auto virun der Presentatioun zu London nach net eng Kéier gesinn hat. De Konstrukteur-Champion McLaren mat de gewinnte Gesiichter Lando Norris an Oscar Piastri dierft natierlech ganz zum Schluss net feelen. Hei ass de Motto: Papaya bleift Papaya a sou huet sech net all ze vill beim Design vum MCL39 am Verglach zum Auto vun der leschter Saison gedoen.
Zu gudder Lescht war et un all de Piloten, fir nach eng leschte Kéier op d’Bün ze kommen a sech alleguer zesumme mat hiren neie Bolide virum Public ze presentéieren. Sou richteg lass geet et mat der Formel 1 dann awer réischt de 14. Mäerz mat dem éischte fräien Training fir de Grousse Präis vun Australien zu Melbourne.