De Lëtzebuerger huet dëse Weekend zu Valencia seng Avance am Rookie-Klassement sou wäit ausgebaut, dass e fréizäiteg den Titel feiere kann.

An der éischter Course vum Weekend ass den Chester Kieffer als Sechsten un den Depart gaangen. Direkt nom Start konnt de Pilot vun der Ekipp Schumacher CLRT e puer Plaze gutt maachen, ier eng Safety-Car-Phase wéinst engem Tëschefall declenchéiert ginn ass. Nom Restart konnt den Chester Kieffer duerch e couragéiert awer och proppert Manöver eng weider Plaz gutt maachen. Wärend der Course koum awer d'Nouvelle, dass et e Problem beim Start vum Lëtzebuerger gouf. D'Renndirektioun huet doropshin eng 5-Sekonne-Strof ausgeschwat, déi no der Arrivée drop gerechent ginn ass. Doduerch ass den Chester Kieffer op déi 5. Plaz zeréckgefall, gouf awer trotzdeem beschte Rookie fir déi 5. Kéier an dëser Sprint-Challenge-Saison. Gewonne gouf d'Course vu sengem Teamkolleeg Flynt Schuring. De Podium huet den Ariel Levi an de Kas Haverkort komplettéiert.
 
Déi zweete Course huet net grad esou gutt fir de Lëtzebuerger ugefaangen. An der éischter Kéier vum Circuit Ricardo Tormo ass einfach keng Plaz fir 3 Porsche-Cup-Autoen. Dowéinst huet den Chester Kieffer de Circuit misse verloossen an hat an der nächster Kéier en Nodeel par Rapport zu der Konkurrenz. Nom éischten Tour huet hie sech op der 7. Plaz erëmfonnt. Wärend der Course konnt de Lëtzebuerger sech net méi verbesseren an ass hannert dem Matheus Ferreria als zweeten Rookie iwwert de wäisse Stréch gefuer. De Flynt Schuring konnt sech an der 6. Manche vum Porsche Sprint Challenge Südeuropa eng zweete Kéier dëse Weekend duerchsetzen. Hannert dem Hollänner sinn den Ariel Levi an de Kas Haverkort ukomm.

No der Course war den Chester Kieffer liicht enttäuscht, dass et net duergaange war, fir nach emol déi 1. Plaz an der Rookie-Wäertung ze feieren. Problemer, déi et u sengem Porsche Cup-Auto goufen, wiere mëttlerweil awer schonn nees behuewen, esou de jonke Lëtzebuerger RTL géintiwwer. 

"Saison ass gutt gelaf bis elo"

Et hätt een op all Course e gudde Setup fonnt an et hätt een d'Méiglechkeet gehat, all Kéiers mat un der Spëtzt ëm d'Gesamtvictoire ze fueren.

Den nächste Weekend ginn um Circuit de Catalunya déi lescht Coursse vun der Porsche Sprint Challenge Südeuropa gefuer.Hei kann den Chester Kieffer da säi Virsprong an der Rookie-Wäertung weider ausbauen.

RTL

© Jean-Marc Kieffer

Ma domadder ass d'Saison nach net eriwwer, well nom Porsche Sprint Challenge Südeuropa geet et direkt weider mam Porsche Carrera Cup Frankräich, wou den Niveau vun der Competitioun nach emol no uewen ugepasst wäert gëtt. Den Chester Kieffer ass zouversiichtlech, och do eng gutt Roll spillen ze kënnen.

De komplette Kalenner vum Porsche Carrera Cup Frankräich 2025

04/03 – 05/03 : Tests Officiels – Barcelone
04/04 – 06/04 : Barcelone – ELMS (Courses 1 & 2)
09/05 – 11/05 : Dijon-Prenois – FFSA GT4 France (Courses 3 & 4)
20/06 – 22/06 : Spa-Francorchamps – SRO SpeedWeek (Courses 5 & 6)
18/07 – 20/07 : Misano – GT World Challenge Europe (Courses 7 & 8)
19/09 – 21/09 : Valence – GT World Challenge Europe (Courses 9 & 10)
03/10 – 05/10 : Paul Ricard – SRO Festival (Courses 11 & 12)