Nach ni war ee Lëtzebuerger esou séier op zwee Rieder ënnerwee. Mat senger Ekipp RAC41 an hirer Honda CBR 1000RR-R Fireblade si si ee vun de Favoritten an der Superstock-Kategorie. Ganz gäre wëlle se déi eng oder aner Course gewannen. Ma virun allem reegelméisseg op de Podium fueren, fir um Enn vun der Saison ganz uewen ze stoen.
No 4 Méint Wanterpaus ass de Chris Leesch Enn Februar dowéinst nees a Spuenien gereest an huet sech mat Motocross a Supermoto nees a Form bruecht. Éier et Enn der Woch mat ronn 300 Stonnekilometer op de Circuit goung. Mat senger aler Ekipp an neien Teamkolleege gëtt un de ville klengen Detailer gefeilt, fir datt net nëmmen d’Piloten, ma och d’Maschinn esou séier a sécher wéi méiglech gëtt.
19. an 20. Abrëll: 24h vu Le Mans
7. Juni: 8h vu Spa-Francorchamps
3. August: 8h vu Suzuka
20. an 21. September: Bol d’Or