No der Winter Challenge Southern Europe als Drëtten am General steet elo de franséische Porsche Carrera Cup virun der Dier.

Schonns virun de leschte Courssen zu Barcelona hat den Chester Kieffer den Titel vum beschte Rookie am Porsche Winter Challenge Southern Europe gewonnen. Ma den 18 Joer ale Pilot wëll méi. Réischt mat 15 Joer ass hie seng éischt Saison Kart gefuer, mat 17 Joer de franséischen F4-Championnat an elo wëll hien um 510 PS staarke Porsche am Carrera Cup vun der jonker an enorm professioneller Ekipp Schumacher CLRT weisen, wat hie kann.

Doheem trainéiert hie vill op engem professionelle Fuersimulator an am Fitnessstudio. Zanter knapp zwee Joer gëtt hie vum fréiere franséischen Nationaltrainer an erfuerenen Endurance-Pilot Stéphane Daoudi gecoacht an och soss huet d’Famill him ee ganz professionellt Ëmfeld geschaf, fir datt hie sech kann op säin Dram konzentréieren: Profi am Automobilsport ze ginn an op de ganz grousse Courssen ze starten.

No der Winter Challenge Southern Europe als Drëtten am General steet elo de franséische Porsche Carrera Cup virun der Dier.

De Kalenner vum Porsche Carrera Cup France

4. bis 6. Abrëll: Barcelona
9. bis 11. Mee: Dijon
20. bis 22. Juni: Spa-Francorchamps
18. bis 20. Juli: Misano
19. bis 21. September: Valencia
3. bis 5.Oktober: Paul Ricard

De kompletten Interview mam Chester Kieffer

De kompletten Interview mam Stéphane Daoudi