Geckege Schoulprojet gëtt Realitéit
Lëtzebuerger Teenager baut eegenen Dragster doheem am Keller
Bei der Famill Weyland huet alles mam Papp ugefaangen, hien ass iergendwann Dragster gefuer.
Elo fueren seng zwee Bouwen och, d’Mamm këmmert sech ëm d’Paperassen an elo baut hiren eelste Fils och nach fir e Schoulprojet en Dragster am Keller, ee mat enger Fligerturbinn.
Dat kléngt e bëssi verréckt, mee ass d'Realitéit. De Yannis, 14 Joer jonk, huet sech zur Aufgab gemaach, fir mat der Turbinn e weidere Challenge ze realiséieren. An dofir reese si op iwwer 100 Coursen uechtert d’Welt am Joer a leeën dobäi iwwer 10.000 Kilometer zeréck.
Mir hunn d’Famill doheem besicht a waren net schlecht erstaunt, wat et alles an hirem Keller ze kucke gëtt.
©
Philippe Dondelinger / RTL
©
Philippe Dondelinger / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies