De Steve Jans fiert dës Saison mat GetSpeed an der International GT Open, dat op engem Mercedes-AMG GT3 EVO. De Cockpit deelt hie sech mam Aaron Walker.

Si ginn an der Pro-Am-Klass un den Depart an d'Zil vu béiden ass et, an hirer Klass ëm den Titel matzekämpfen.

Zejoert war de Steve Jans mat 48 Losch Motorsport by Black Falcon an der NLS um Nürburgring aktiv a si konnten do den Titel an der Porsche Endurance Trophy feieren. Op enger Pressekonferenz Enn 2024 hat een e positive Bilan vun der Zesummenaarbecht gezunn an et war een zouversiichtlech, dass een och 2025 nees géif zesummeschaffen. Wéi dunn awer virun der éischter NLS-Course 2025 de Lineup vun 48 Losch Motorsport by Black Falcon presentéiert gouf, war gewosst, dass de Steve Jans net méi mat u Bord ass.

RTL

Op der Pressekonferenz am November 2024 gouf e positive Bilan no der Saison gezunn. D'Virzeeche stoungen all op eng Verlängerung vun der Zesummenaarbecht tëscht Losch Motorsport an dem Steve Jans. Mëttlerweil ass gewosst, dass dem Steve Jans seng Ziler anerer sinn. / © Henri Schwirtz

"Internationaalt Fuere feelt mer"

Op Nofro vun RTL huet de Steve Jans eis matgedeelt, dass hien iwwert de Wanter festgestallt huet, wéi hien an der Asian Le Mans Series gefuer ass, dass dat internationaalt Fueren him dann awer feelt, méi genee d'Sprintcourssen. Hien ass der Meenung, dass en do als Pilot nach Potenzial hätt, sech op de Grand-Prix-Strecken uechter d'Welt weiderzëentwéckelen.

Eng Propos fir Losch Motorsport partiell z'ënnerstëtze wärend der Saison 2025, war fir déi awer keng Optioun, well se e permanente Lëtzebuerger Pilot an hirem Porsche 911 GT3 Cup-Auto sëtze wollten hunn. Aus enger anerer Offer vu Losch Motorsport ass dann näischt ginn, well et einfach ze vill Coursse wieren, déi de 36 Joer jonke Pilot ënnert een Hutt hätt musse kréien. Et hätt ee béidsäiteg do ganz oppen an transparent matenee kommunizéiert, esou de Steve Jans.

"Ech hunn den Dram vu Le Mans"

Dëst Joer krut Mercedes d'Lizenz, fir an der WEC an der LMGT3-Klass unzetrieden. Deemno ass et de Retour vun der Mark mam Stär, nodeems se zanter 1999 net méi zu Le Mans ugetruede sinn. Deemools war de Mercedes-Benz CLR spektakulär duerch d'Loft geschleidert ginn, mam Peter Dumbreck um Steier. Wéi duerch e Wonner hat de Britt no deem Accident just e puer blo Flecken. Nach wärend der Course hat Mercedes du matgedeelt, sech vu Le Mans zeréckzezéien an eigentlech war deemools och gesot ginn, et wéilt een net zeréckkommen.

Elo am Joer 2025 gesäit dat awer anescht aus. Et huet een d'Lizenz kritt, fir an der FIA WEC unzetrieden an do gehéiert d'Course zu Le Mans mat zum Programm. Dëst Joer ginn zwee Mercedes-AMG GT3 vum Team Iron Lynx hei un den Depart.

Och GetSpeed huet Ambitiounen, fir zu Le Mans ze fueren. A genee do gesäit de Steve Jans seng Chance wuessen, fir als Bronze-Pilot seng Chance ze kréien, bei dëser legendärer Course unzetrieden, wat zanter éiweg en Dram vum Lëtzebuerger ass. Dofir ass d'Virbereedung an der International GT Open dann och de bessere Choix, esou de Steve Jans am Gespréich mat RTL.

GetSpeed a Steve Jans - Dat gouf et scho méi dacks

Schonn zanter 2014 souz de Steve Jans reegelméisseg an Autoe vum Rennstall vum Adam Osieka. No der Saison 2018 war Schluss, ma de Kontakt blouf weiderhi bestoen a sou huet een 2022 nees beienee fonnt.

D'International GT Open feiert dëst Joer den 20. Gebuertsdag an et ass déi 3. Saison, wou de Steve Jans zesumme mat GetSpeed an dëser Serie start. Virdru war dat an de Joren 2022 an 2023 de Fall. 2023 konnt hie bei enger Course seng Klass gewannen a war nach 5 mol um Podium, wouduerch et um Enn Plaz 3 am Championnat vun der Pro-Am-Kategorie war.

D'Saison an der International GT Open fänkt de Weekend vum 25.-27. Abrëll zu Portimao a Portugal un. De Steve Jans geet hei wéi gesot mam Britt Aaron Walker un den Depart, dat op engem Mercedes-AMG GT3 EVO.

Si fueren an der Pro-Am-Kategorie an hunn d'Startnummer 6. D'Konkurrenz fiert op Ferrari 296 GT3, Porsche 911 GT3 R, Audi R8 LMS GT3 EVO II oder Ferrari 488 GT3 EVO. Et ass deemno GT-Sport op héchstem Niveau.

An der International GT Open ginn am Prinzip pro Weekend zwou Coursse gefuer, eng vu 70 Minutten um Samschdeg, an eng vu 60 Minutten um Sonndeg.

De komplette Kalenner vun der International GT Open 2025

Portugal / Portimao 25.-27. Abrëll 2025
Belsch / Spa 16.-18. Mee 2025 (Endurance Race GTOpen 500)
Däitschland / Hockenheim Ring 6.-8. Juni 2025
Ungarn / Hungaroring 4.-6. Juli 2025
Frankräich / Paul Ricard 18.-20.Juli 2025
Éisträich / Red Bull Ring 5.-7. September 2025
Spuenien / Barcelona 19.-21. September 2025
Italien / Monza  17.-19. Oktober 2025 (Endurance Race GTOpen 500)