Seelen Oldtimeren um spektakuläre Circuit an der Äifel. D'Lëtzebuerger Piloten, déi um Depart waren, hu sech dobäi méi wéi gutt aus der Affär gezunn.

Zanter 1927 ginn um berüümten a berüchtegte Nürburgring an der Äifel Autoscoursse gefuer, an och Lëtzebuerger Equipagë ware fréier, a sinn och an de leschte Joren nach ëmmer do vertrueden. Esou och bei der 9. Editioun vun der Nürburgring Classic.

An enger vun den Haaptcoursse vum Event, dem Historic Championship 81, goungen zwee Ford Mustange vu Wengler Racing un den Depart. Mat der Nummer 33 am orange Mustang war dat den Equipage Claude Dichter/Gil Linster, an um Mustang mat der Nummer 64 sinn de Bob Kellen an de Yann Munhowen ugetrueden. Um Freideg beim Training ass de Gil Linster e puer Ronne gefuer an huet duerno d’Handduch geworf, well hien sech onwuel gefillt huet.

RTL

© Jeannot Boesen

De Claude Dichter ass di ganz Course eleng gefuer an op der 31. Plaz am General an der zweeter Plaz an der Klass ukomm. Den zweete Mustang huet d’Klass 8 gewonnen an am General eng gutt 17. Plaz bei 40 Konkurrenten erausgefuer. "Den neie Moteur huet di 90 Minutte ganz gutt iwwerstanen, an um Fuerwierk sinn och e puer Modifikatioune gemaach ginn, déi sech als positiv erausgestallt hunn", sot en zefriddene Bob Kellen. "Mir freeën eis op de 6 Stonne-Marathon zu Spa am September", huet de Yann Munhowen ergänzt.

RTL

© Jeannot Boesen

Vum 25. bis de 27. September wäerten d'Spa Six Hours gefuer ginn.