Zu Zolder an der Belsch ass de Weekend de sechste GP vun der Saison an der NASCAR Euro Series.

De Lëtzebuerger Gil Linster geet an der NASCAR Euro OPEN mat der Startnummer 30 un den Depart, dat op engem Ford Mustang vum Team Rette Jones Racing.

An der EuroNASCAR stinn dës Saison 7 Course-Weekender um Programm. D'Coursse vun der EuroNASCAR gi live op RTL.lu, der App an RTL Play iwwerdroen.

NASCAR Euro OPEN - RACE 1, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play.

Samschdeg, 11. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 16h30
Course: 16h55
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h55

NASCAR Euro OPEN - RACE 2, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play.

Sonndeg,  12. Oktober 2025:
Ufank vun der Emissioun: 11h05
Course: 11h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h40

De weidere Programm

RTL

An Amerika gëtt haaptsächlech am Oval gefuer, an Europa ass awer just d'Streck zu Venray an Holland en Oval. Déi aner Strecke sinn normal Circuitsstrecken.