Porsche Supercup Monte CarloChester Kieffer fiert bei senger Première op Plaz 10

RTL Lëtzebuerg
Den Theo Oeverhaus huet sech déi éischt Victoire vun der Saison am Porsche Supercup geséchert.
Chester Kieffer
© Romain Rixhon

E Sonndeg de Moie war zu Monte Carlo den Optakt vun der neier Saison am Porsche Supercup. De Lëtzebuerger Chester Kieffer (Schumacher CLRT) ass mat sengem Porsche 911 Cup vun der 11. Plaz aus an d'Course gaangen an ass um Enn bei senger Première am Porsche Supercup op déi 10. Plaz gefuer. Hie gëtt domadder drëttbeschte Rookie.

Gewonne gouf d'Course no 17 Ronne vum Theo Oeverhaus (Martinet by Almeras) virum Andrea Bristot (Dinamic otorsport SRL) an dem Gustav Burton (Team GP Elite). Domadder ass de Podium sou bliwwe wéi am Qualifying.


No sengem éischte Qualifying iwwerhaapt fir eng Course am Porsche Supercup e Freideg ass den Chester Kieffer e Sonndeg vun der 11. Plaz an d'Course gaangen. Den 19 Joer ale Lëtzebuerger Pilot hat sech als véiertbeschte Rookie qualifizéiert.

Vun der Pole gestart ass zu Monaco den Theo Oeverhaus an den däitsche Pilot konnt seng Positioun an der éischter Ronn behaapten. Den Chester Kieffer sengersäits huet beim Start zwou Positioune gutt gemaach. An der zweeter Ronn ass de Lëtzebuerger awer rëm op déi 10. Plaz zeréckgefall.

An den éischte Ronne konnt sech den Theo Oeverhaus dann e bësse vum Andrea Bristot op der zweeter Plaz ofsetzen. Tëschenzäitlech hat hien méi wéi eng Sekonn Virsprong. De Robert de Haan, deen d'lescht Joer zu Monaco gewonnen hat, war an der aachter Ronn op der véierter Plaz ënnerwee.

An der 12. Ronn gouf et dunn ee giele Fändel nodeems de Jorge Ramirez Fernandez sech verbremst hat, dës Aktioun hat awer keng Auswierkungen op d'Course.

An de leschte Ronne gouf et fir den Chester Kieffer op der 10. Plaz awer nach eng Kéier enk, de Marcus Amand huet do iwwert e puer Ronnen Drock gemaach. An och vir op den éischte Plaze wollt sech den Andrea Bristot nach net géint den Theo Oeverhaus geschloe ginn.

Am 16. vun de 17 Tier gouf et ee weidere giele Fändel, de Luciano Facundo Martinez konnt net méi weider fueren.

Gewanne sollt um Enn awer den Theo Oeverhaus, dat virum Andrea Bristot an dem Gustav Burton. Fir den Chester Kieffer sollt et um Enn eng gutt 10. Plaz si bei sengem éischten Optrëtt am Porsche Supercup zu Monaco, dat no enger Course an där de Lëtzebuerger Pilot eng Plaz gutt maache konnt.


Aacht Coursse ginn dës Saison am Porsche Supercup gefuer. Alleguer kënnt Dir se live op RTL ZWEE an RTL Play kucken.

© RTL

Véier Joer nom Championstitel vum Dylan Pereira ass mam Chester Kieffer dëst Joer nees e Lëtzebuerger zeréck am Porsche Supercup. Liest heizou och:

Back to Top
CIM LOGO