
De Porsche Carrera Cup Asia (elo Porsche ARbox Carrera Cup Asia genannt) geet an déi zweet Hallschent vun der Saison 2026, dat um Bangsaen Street Circuit an Thailand.
De Lëtzebuerger Dylan Pereira wäert fir d'Ekipp Absolute Racing am #89 Porsche 911 Cup Auto starten, am Kader vum 20. Anniversaire vun dëser bekannter Stroossecourse.
Den Dylan Pereira bréngt vill Erfarung mat. Hien huet scho Succèsen a verschiddene Porsche-Cup-Serië gefeiert, ënner anerem den Titel am Porsche Supercup 2022 an de Championstitel am Porsche Carrera Cup Asia 2025, fir just déi ze nennen.
Dylan Pereira: "Bangsaen ass wierklech en eenzegaartegen Event. D'Fans kommen a grousser Zuel a schafen eng immens Atmosphär, esou no bei der Plage, an da bréngen d'Tuning-Shows owes nach méi Energie dobäi. Et ass eng speziell Plaz fir de Motorsport. Mäin Zil dëse Weekend ass et, dat ze widderhuelen, wat ech d'lescht Joer erreecht hunn — a béide Courssen ëm d'Victoire ze kämpfen. Et ass och mäin éischten Event mat Absolute Racing, dofir freeën ech mech immens drop, mam ganze Team zesummenzeschaffen, eng staark Partnerschaft opzebauen an alles ze ginn, fir e puer Couppe mat heem ze bréngen.“
D'Ekipp Absolute Racing huet an der Vergaangenheet scho vill Titelen a Rennvictoirë kënne feieren. Dës Saison hu si schonn e puer Podiumsplaze realiséiert, dat och dank engem staarke Marvin Klein, dee mat der Startnummer #88 un den Depart wäert goen a sécherlech zu engem vum Dylan senge stäerkste Konkurrenten dierft zielen.
D'Course zu Bangsaen gëtt ënner usprochsvolle Konditiounen ofgehalen, mat waarmem Wieder an enger schwiereger Streck. Et gi sech immens vill Fans an eng gutt Stëmmung versprach, dat och dank der gratis Entrée.
Déi éischt 30-Minutte-Course ass e Samschdeg um 13:20 Auer Lokalzäit, iwwerdeems déi zweet e Sonndeg um 13:35 Auer gestart gëtt.