
Een Highlight ass sécherlech d'Presenz vum Grégoire Munster, deen dës Saison schonns op Ford d'Rallye Monte-Carlo gefuer ass. Bei der Rallye Lëtzebuerg ass hie mat engem Hyundai ënnerwee. Wärend dem Shakedown e Freideg huet hie mat der Sportministesch eng ganz prominent Co-Pilotin. Konkurrenz fir de Grégoire Munuster dierft virun allem vum Marjan Griebel aus Däitschland an dem Adrien Fernémont aus der Belsch kommen. Deen huet dëst Joer schonns de Rallye de Wallonie gewonnen. Allebéid si si op engem Skoda ënnerwee.
An deen Dräikampf kéint sech awer och nach de Lëtzebuerger Ronny Foxius amëschen. De Lokalmatador geet fir déi éischte Kéier iwwerhaapt mat engem Porsche un den Depart. Aus Lëtzebuerger Siicht ass ënnert anerem och nach de Steve Zimmer interessant. Deen huet sech fir de Rallye Lëtzebuerg ee BMW M3 E30 gelount.
Fir d'Organisateure ronderëm den Andy Brücker ass et wichteg, datt ee fir d'Piloten, déi reegelméisseg de Rallye Lëtzebuerg fueren, ëmmer nees d'Strecken e bëssen ännert. An dat ass dann och dëst Joer nees geschitt. De Profil ass zwar esou änlech wéi déi lescht Joren, allerdéngs ginn et manner "Rundkurse". Dat dierft fir méi Spannung suergen. Eng 60 Autoen dierfte beim Rallye Lëtzebuerg mat dobäi sinn. De Shakedown ass den nächste Freideg vu 16:00 Auer un. Déi éischt Special gëtt da samschdes vun 8:00 Auer u gefuer.
Méi Informatiounen op www.rallye.lu