Basketball-ChampionnatBartreng verléiert zu Diddeleng a verpasst déi éischt Plaz fir d'Playoffs

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg war den Optakt vum 22. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
© Christophe Hochard

Um leschte Spilldag virum Optakt vun de Playoffs huet d’Sparta Bartreng auswäerts zu Diddeleng mat 69:77 verluer. Domat wäert d’Ekipp vu Bartreng net als Tabellenéischten an d’Playoffs starten. Wien no 22 Spilldeeg un der Spëtzt vun der Tabell wäert stoen, entscheet sech um Samschdeg am Duell tëschent der Ettelbrécker Etzella an der Arantia Fiels.

Et war eng enk an ëmkämpfte Partie, Diddeleng ass duerch 7 getraffen Dräier an der éischter Hallschecht mat enger 40:37 Féierung an d’Paus gaangen. Déi zweet Hallschecht war weider ëmkämpft, Bartreng louch ronn 6 Minutte viru Schluss nach 57:55 a Féierung, d’Schlussphas huet Diddeleng allerdéngs dominéiert a setzt sech um Enn duerch.

D’Taktik vun der Lokalekipp fir konsequent an dacks aus der Distanz ze geheien (11/36 Dräier) huet sech um Enn ausbezuelt. Mat 26 Punkten war de Jimmie Lee Taylor de beschte Scorer um Terrain, ënnerstëtzt gouf hie vim Maurice Calloo (18 Punkten), Joe Kalmes (11) an Davide Grün (11).

Back to Top
CIM LOGO