De Brit ass e Mëttwoch wärend dem Training virum Contre-la-montre vum Critérium du Dauphiné schwéier gefall.

E Mëttwoch den Owend huet d'Ekipp vum Chris Froome matgedeelt, datt de Brit sech bei der Chute den Ielebou, ee Been, d'Hëft a Rëpper gebrach huet.

De Manager vun der Ekipp Ineos, Dave Brailsford, hat schonn um Mëttwoch am Nomëtteg matgedeelt, datt de Chris Froome an engem méi uergen Zoustand wär an datt hien net un den Depart vum Tour de France dëst Joer kéint goen.

VIDEO: Den Dave Brailsford iwwer d'Chute vum Chris Froome
Den Dave Brailsford mat den Detailer vun der Chute vum Leader vun der Ekipp Ineos.

De Chris Froome war am Gaange sech waarm ze fueren virun der 4. Etapp vum Critérium du Dauphiné, wéi et zu der Chute koum.

Mat 54 km/h an d'Mauer

Wéi den Dave Brailsford um Mikro vu France 3 präziséiert huet, war de Froome an enger riichter Descente mat Haiser op béide Säiten. Hien huet sengem Teamkolleg Wout Poel en Zeeche gemaach, dass hie sech d'Nues botze wéilt an huet dowéinst eng Hand vum Guidon geholl. Grad an deem Moment koum e Wandstouss an hien huet d'Kontroll iwwert de Vëlo verluer. Mat 54 Stonnekilometer krut hien eng Mauer vun engem Haus ze paken.

Hien hätt déi éischt Minutten no der Chute och Problemer gehat, fir ze schwätzen. Hie koum mam Helikopter an d'Spidol. Resultat: Rietsen Uewerschenkel gebrach, e rietsen Ielebou, d'Hëft an e puer Rëpper.