Tour de France 19. EtappCourse wéinst Knëppelsteng verkierzt, Bernal a Giel

RTL Lëtzebuerg
Mam Thibaut Pinot huet ee vun de Favoritten wéinst muskuläre Problemer den Tour verlooss.
VIDEO: TDF 19. Etapp: Course ofgebrach, Bernal a Giel
Knëppelsteng hunn e Freideg op der 19. Etapp fir Chaos gesuergt. Mam Thibaut Pinot huet ee vun de Favoritten wéinst muskuläre Problemer den Tour verlooss.

Wéinst 5 Zentimeter Knëppelsteng an der leschter Montée huet d’Course misste verkierzt ginn, déi lescht 25 Kilometer goufen net gefuer. Esou huet een déi lescht Descente a Montée net méi a Consideratioun gezunn an et huet een d’Zäite vum Col d’Iseran geholl.

Hei hat den Egan Bernal d’Nues vir, dat virum Simon Yates an dem Warren Barguil. Den Mann am gielen Trikot Alaphilippe hat um Col e Retard vu ronn 2 Minutten, dat bei engem Virsprong vun 90 Sekonnen am General op de Bernal. Domadder verléiert de Fransous de Maillot Jaune un de Coureur vun Eneos.

Méi Fotoe vum Roland MINY op pressphoto.lu

Am Klassement huet de Julian Alaphilippe elo 48 Sekonne Retard op de Bernal. Aktuellen Drëtten ass den Geraint Thomas op 1 Minutte an 3 Sekonnen.

Am Col de la Madeleine an am Col de l’Iseran ass de Peloton mat de Favoritten lues a lues auserneegebrach. Ëmmer nees gouf et Attacken op de Maillot Jaune. Et war du schlussendlech de Bernal, deen dovunner profitéiere konnt a sech, duerch d’Verkierze vun der Etapp, de gielen Trikot séchere konnt.

Ee vun de Favoritten op d’Victoire vum Tour de France Thibaut Pinot huet um Freideg missen opginn. De Fransous krut wärend der Etapp Problemer mat der Muskulatur, hie gouf behandelt, ass wäit zeréckgefall an huet um Enn missen ophalen. Een trauregt Enn fir de Fransous, deen an de Pyrenäen dee stäerksten Androck vun de Favoritte gemaach huet.

Resultat

General

Twitter vum Tour de France

Back to Top
CIM LOGO