Ultra CyclingRalph Diseviscourt wënnt "Race Across France"

RTL Lëtzebuerg
D'Course goung iwwer 2600 km queesch duerch Frankräich. De Ralph Diseviscourt huet d'Streck bannent 5 Deeg, 1 Stonn, 32min an 9sek hannert sech bruecht.

Op der Arrivée zu Le Touquet-Paris-Plage hat hien iwwer 120 Kilometer Virsprong op Plaz 2. Hien ass mat enger Moyenne vun 21,39 km/h gefuer an e Freideg de Moien um 7.49 Auer ukomm.

© raf.solustop.com

10 aner Cyclisten sinn nach an der Wäertung, wärend schonn 12 aner Ultra-Cyclisten opginn haten.

http://raf.solustop.com/ - Informatiounen a Klassementer

Back to Top
CIM LOGO