Tour de LuxembourgTDL kënnt an de Pro Series-Kalenner an ass elo réischt am September

RTL Lëtzebuerg
De Tour de Luxembourg wäert fir d`Joer 2020 am Kader vun der Reform vum Vëlossport an den UCI-Pro Series-Kalenner kommen.
TDL kënnt an de Pro Series-Kalenner
De Tour de Luxembourg wäert fir d`Joer 2020 am Kader vun der Reform vum Vëlossport an den UCI-Pro Series-Kalenner kommen.

D’Pro Series sinn déi Kategorie vun Evenementer just ënnert der World Tour. D’Oploe si méi exigent a sou sinn zum Beispill fir déi nei Serie, déi d’HC (Hors Kategorie) an d'1. Kategorie-Courssen ersetzen, nëmmen 10 franséisch Coursse zréckbehale ginn.

An de Pro Series gëtt et dann och méi Punkten, wat d’Course nees fir méi grouss Ekippen dierft interessant maachen.

Eng grouss Ännerung ass och den Datum vun der Epreuve, deen an den September verréckelt gëtt a sou ronn eng Woch virun der WM an der Schwäiz wäert leien. Den TDL soll awer jiddefalls nëmme bis samschdes goen, well sonndes an och dat wäert am Kalenner 2020 nei sinn schonn d’Zäitfueren op der WM gefuer gëtt.

Domat erhofft ee sech gutt Coureuren um Depart, déi dës Course hei zu Lëtzebuerg als lescht Virbereedung op d’Weltmeeschterschaft kéinte fueren.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO