Am Cyclocross ass de Weekend zu Hoogerheide an Holland d‘Weltmeeschterschaft.
Um fréien Dënschdeg den Owend gouf d’Ekipp vum Nationaltrainer Jempy Drucker annoncéiert, déi fir Lëtzebuerg wäert dobäi sinn.
Am FSCL-Kader stécht natierlech d‘Marie Schreiber eraus. Dat 19 Joer aalt Talent ass jo d‘lescht Saison op der WM bei den U23 op déi 6. Plaz komm.
Donieft sinn an der selwechter Course och nach d‘Maïté Barthels an d‘Liv Wenzel dobäi.
D‘Anouk Schmitz wäert bei de Juniorinnen un den Depart goen.
Bei de Juniore si mam Noa Berton, dem Fynn Ury an dem Rick Meylender 3 Lëtzebuerger mat dobäi.
D‘Course vun den U23-Damme mam Marie Schreiber kënnt Dir e Sonndeg um 12.55 Auer bei eis op RTL Télé live suivéieren.