D'Ekipp BORA-hansgrohe huet d'Selektioun vum Lëtzebuerger en Donneschdeg offiziell matgedeelt.

De Bob Jungels ass dëst Joer nees am Tour de France mat dobäi. Fir hien ass et déi 5. Kéier, datt hie bei der wichtegster Course am Cyclissem mat um Depart ass. Dat leschte Joer gouf hien den 11. am General an hat déi 9. Etapp zu Châtel gewonnen.

Den Tour de France fänkt den nächste Samschdeg zu Bilbao a Spuenien un.

Domadder sinn elo zwee Lëtzebuerger sécher beim Tour de France mat dobäi. Scho Mëtt Juni hat Groupama - FDJ d'Selektioun vum Kevin Geniets bekannt ginn. Fir hien ass et déi 2. Participatioun bei der Grande Boucle.