De Weekend ass nees de Critérium Européen des Jeunes, eng international Course fir Debutanten, gefuer ginn.

No zwou Etappe konnt sech de Benedikt Benz aus Däitschland d'Schlussvictoire sécheren. Zäitgläich ass de Mauro Keppens den Zweete ginn an den Hakon Oksnes hat als Drëtten e Réckstand vu 5 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger war de Rodrigo Dos Santos als 22. op 8 Minutten a 24 Sekonnen.

Op der 1. Etapp ass et e Samschdeg iwwer 83 Kilometer ronderëm Ëlwen gaangen. Hei gouf et eng Victoire fir de Schlussgewënner Benedikt Benz, dat aus enger Echappée eraus. Beschte Lëtzebuerger war de Lëtzebuerger Champion Flavio Astolfi als 8. op 1 Minutt a 57 Sekonnen.

Hei fannt Dir dat komplett Resultat vun der 1. Etapp.

Op der 2. Etapp ass et e Sonndeg iwwer 80 Kilometer ronderëm Munzen gaangen. Hei huet och de Benedikt Benz aus enger Echappée eraus gewonnen. Bescht Lëtzebuerger war de Lenn Schmitz als 27. op 6 Minutten a 27 Sekonnen.

Hei fannt Dir dat komplett Resultat vun der 2. Etapp an de General.