"Mir sinn natierlech frou, fir déi Victoire elo ze hunn"

© AFP
Bei der Victoire vum Coequipier Pedersen huet de Lëtzebuerger Alex Kirsch sech ganz an den Déngscht vun der Ekipp gestallt, fir d'Victoire ze assuréieren.
E Samschdeg ass et op enger hiwweleger 8. Etapp vum Tour de France iwwer 200 Kilometer vu Libourne op Limoges gaangen. Dobäi koum et zu enger Etappevictoire vum Dän Mads Pedersen.
Domadder ass et Lidl-Trek, fir déi och de Lëtzebuerger Alex Kirsch un den Depart geet, gelongen, déi éischten Etapp fir d’Ekipp an dësem Tour de France ze gewannen. Op de leschte Kilometer huet een de Lëtzebuerger vu Lidl-Trek vill an den éischte Positioune gesinn. Domadder huet hien dofir gesuergt, datt säi Coequipier an der Course op enger Plaz un der Spëtzt bliwwen ass. Dobäi hätt ee sech um Enn vun der Course op Säite vu senger Ekipp "ganz op seng Erfarung verlooss", esou de Lëtzebuerger no der Course am Interview.
Den Alex Kirsch ass een, wann net dee wichtegste Coureur un der Säit vum dänesche Sprinter. Iwwert d’Victoire vun e Samschdeg huet ee sech gefreet, bei den éischten dräi Chancë fir d’Sprinter hätt et net gepasst, esou den Alex Kirsch weider.
Drock hätt ee bis elo kee verspuert, d'Coureure wieren awer selwer ënnert hiren Erwaardunge bis elo gefuer. Dofir géif dës Victoire elo gutt doen. E Sonndeg geet et da mat der 9. Etapp weider, ier datt e Méindeg den éischte Roudag um Programm steet.