Um Samschdeg ass et fir d'Coureuren iwwer 151,8 Kilometer vun Annemasse op Morzine les Portes du Soleil gaangen.

No engem Massecrash an der Ufanksphase ass d'Course neutraliséiert ginn. Allgemeng goufen et vill Chuten an deenen éischte Kilometer. Ënnert anerem hunn Chaves, Meintjes a Bardet d'Course missen opginn.

Gewonnen gouf d'Etapp vum Cristian Rodríguez. De Coureur vun Ineos hat op der Linn Arrivée e Virsprong vun 5 Sekonnen op den Tadej Pogacar. Déi drette Plaz an der Etapp geet un den Jonas Vingegaard, deen och weider am Maillot Jaune bleift mat 10 Sekonnen Avance op den Pogacar.

Neie Leader am Maillot à Pois ass dann elo och de Jonas Vingegaard, dat well hien um leschte Sommet vum Dag als 1. doriwwer gefuer ass.

De Bob Jungels fiert op deser schwéierer Etapp mat engem Réckstand vu 16 Minutten op déi 23. Plaz. Knapp hannendrun klasséiert sech de Kevin Geniets op der 25. Plaz mat 17 Minutten an 21 Sekonnen. Op iwwer 37 Minutte kennt den Alex Kirsch op déi 110. Plaz.

Am General verbessert sech de Bob Jungels em 5 Plazen a leit elo op der Plaz 31, mat 1 Stonn, 24 Minutten a 56 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. Och de Kevin Geniets ka sech no vir schaffen, dat em direkt 14 Plazen. De Lëtzebuerger vu Grupama-FDJ steet elo op der 36. Plaz. Den Alex Kirsch ass op iwwer 3 Stonnen op der 109. Plaz.

De Resumé vun der Etapp

Net manner wéi ee Bierg vun der drëtter Kategorie, dréi Bierger vun der éischter an ee Bierg vun der Hors catégorie hu misse passéiert ginn.

No 6 Kilometer ass et zu engem grousse Massencrash mat ronn 30 Fuerer komm. D'Course ass doropshin tëschenzäitlech ënnerbrach ginn, dat well Dokteren an d'Ambulanze bei de verwonnte Coureuren hu misse bleiwen. Den Antonio Pedrero, Esteban Chaves an de Louis Meintjes hunn d'Course missen doropshin opginn. Och den Tom Pidcock an de Jai Hindley si verwonnt ginn, konnten awer weider fueren. No 20 Minuttenn ass d'Course géint 14 Auer dunn nees lancéiert ginn. Kuerz dorop huet och de Romain Bardet no enger Chute missen opginn.

Nom Restart huet sech relativ séier e gréissere Spëtzegrupp forméiert, mat ënnert anerem dem Thibaut Pinot, Mikel Landa, Michael Woods a Giulio Ciccone. An et war dann och den Italiener vun Lidl-Trek deen sech d'Biergpunkten um Col du Feu geséchert huet.

Richteg fort ass de Grupp awer net komm, de maximale Virsprong louch bei ronn enger Minutt, dat well Jumbo-Visma déi ganz Course iwwer voll gefuer ass. An der zweet leschter Montée vum Dag, de Col de la Ramaz, huet de Grupp Maillot Jaune de Spëtzegrupp konnten afänken. De Bob Jungels an de Kevin Geniets hunn ronn 58 Kilometer virun der Arrivée den Uschloss am Grupp Maillot Jaune verluer gehat.

40 Kilometer virun der Arrivée huet den Wout van Aert an der Descente ferm an d'Pedalle gedréckt. Course ass weider immens schwéier bliwwen. Zu dësem Zäitpunkt net méi mat dobäi am Spëtzegrupp de Thomas Pidcock.

An der leschter Schwieregkeet vum Dag, dem Col de Joux Plane, ass dunn ënnert dem Tempo vum Sepp Kuss ee Fueren nom anere wech gefall. Den Adam Yates huet nach eng Kéier erhéicht an hunn dofir gesuergt, dass just nach de Pogacar an de Vingegard am hënneschte Rad vum Brit waren. 3,7 Kilometer virum Sommet ass dunn déi entscheedend Attack vum Pogacar komm. De Vingegard hat an enger éischter Phas Schwieregkeeten den Uschloss ze halen an ass eng 5 Sekonnen hannendru gefuer. 1,6 Kilometer virum Sommet konnt de Vingegard nees opschléissen.

An der Descente konnt de Carlos Rodríguez vun Ineas opschléissen, an konnt sech esouguer eng Avance vu 5 Sekonnen op Pogacar an Vingegaard erausfueren. Déi sollt de Spuenier dann och bis op d'Arrivée verdeedegen, a gewënnt virum Pogacar a Vingegaard.

D'Klassement vun der Etapp

1 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:58:45
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:05
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma ,,
4 YATES Adam UAE Team Emirates 0:10
5 KUSS Sepp Jumbo-Visma 0:57
6 HINDLEY Jai BORA – hansgrohe 1:46
7 GALL Felix AG2R Citroën Team ,,
8 BILBAO Pello Bahrain – Victorious 3:19
9 YATES Simon Team Jayco AlUla 3:21
10 MARTIN Guillaume Cofidis 5:57
...

23 JUNGELS Bob BORA – hansgrohe 16:01
25 GENIETS Kevin Groupama – FDJ 17:21
110 KIRSCH Alex Lidl – Trek 37:03

De Generalklassement no der 14. Etapp

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 57:47:28
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:10
3 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:43
4 HINDLEY Jai BORA – hansgrohe 4:44
5 YATES Adam UAE Team Emirates 5:20
6 KUSS Sepp Jumbo-Visma 8:15
7 YATES Simon Team Jayco AlUla 8:32
8 BILBAO Pello  Bahrain – Victorious 8:51
9 GALL Felix AG2R Citroën Team 12:26
10 GAUDU David Groupama – FDJ 12:56
...

31 JUNGELS Bob BORA – hansgrohe 1:24:56
36 GENIETS Kevin Groupama – FDJ 1:41:26
109 KIRSCH Alex Lidl – Trek 3:12:30