Victoire fir de Wout Poels, Vingegaard weider a Giel
E Sonndeg ass et fir d'Coureuren an enger schwiereger Biergetapp iwwer 179 Kilometer vu Les Gets les Portes du Soleil op Saint-Gervais Mont-Blanc gaangen.
Den hollännesche Coureur Wout Poels vu Bahrain Victorious konnt eng vun de schwéiersten Etappen vun dëser Editioun mat enger Avance vun 2 Minutten an 8 Sekonnen op de Wout van Aert gewannen. Komplettéiert gouf de Podium vum Fransous Mathieu Burgaudeau, deen e Retard vun 3 Minutten hat.
Am Generalklassement ginn et iwwerdeems un der Spëtzt keng Changementer. De Jonas Vingegaard verdeedegt de Maillot Jaune an huet weiderhin eng Avance vun 10 Sekonnen op den Tadej Pogacar. Drëtten ass elo de Spuenier Carlos Rodriguez mat engem Retard vu 5:21 Minutten.
De Kevin Geniets an de Bob Jungels sinn iwwerdeems als 40. an 41. zesummen iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer. Si haten ee Retard vu 14 Minutten an 33 Sekonnen op de Poels.
Am General mécht de Bob Jungels zwou Plaze gutt a läit elo op der 29. Plaz mat engem Retard vu gutt annerhallwer Stonn. De Kevin Geniets (+1:49:55) an den Alex Kirsch (+3:40:51) falen allebéid véier Plazen zréck a leien elo op de Plazen 40 an 113.
De Resumé vun der Etapp
Dräi Bierger vun der 1. Kategorie, ee Bierg vun der 2. Kategorie an ee Bierg vun der 3. Kategorie stoungen e Sonndeg um Programm.
Vun Ufank un hu Coureure probéiert sech ofzesetzen, ma just de Julian Alaphilippe an den Alexey Lutsenko konnte sech eng Avance erausfueren. Hannendrun huet sech dunn e grousse Verfolgergrupp mat 35 Coureure gebilt, déi awer net richteg vum Peloton fortkomm sinn. Ma eng Chute am Peloton, déi duerch e Spectateur ausgeléist gouf, huet dofir gesuergt, dass dëse vill un Tempo verluer huet. Virum Col de la Forclaz de Montmin haten Alaphilippe a Lutsenko domat eng Avance vu ronn 40 Sekonnen op d'Poursuivanten a knapp 8 Minutten op de Peloton mat Vingegaard a Pogačar.
Ronn 80 Kilometer virun der Arrivée sinn den Alaphilippe an de Lutsenko dunn nees agefaange ginn. Déi knapp 40 Coureuren un der Spëtzt haten deen Ament e Virsprong vun 8 Minutten an 20 Sekonnen op de Peloton. Do huet d'Ekipp vun Jumbo-Visma awer dunn den Tempo verschäerft, soudass d'Avance séier just nach bei 6 Minutten an 30 Sekonne louch. Vir konnt de Marco Haller sech eleng ofsetzen, woumat hie virum Col de la Croix Fry e Virsprong vu 45 Sekonnen hat.
Dëst Lach konnt just nach vum Rui Costa zougefuer ginn, deen dem Haller dunn och direkt fortgefuer ass. Den Éisträicher gouf knapp 5 Kilometer virum Sommet nees vum Verfolgergrupp agefaangen an och de Costa huet et net eleng bis op de Sommet gepackt. Ugefouert vum Wout van Aert ass de Grupp ëmmer méi auserneegefall, soudass et um Sommet nach gutt 20 Coureure waren. Den Giulio Ciccone konnt sech hei d'Punkte sécheren an domat am Duell ëm de Maillot à Pois mam Neilson Powless gläichzéien.
An der Montée bis op de Col des Aravis waren et de Marc Soler, de Wout van Aert, de Wout Poels an de Krists Neilands, déi op en Neits eng kleng Avance erausfuere konnten. Nodeems den Neilands an der Descente gefall ass, louchen déi dräi Coureuren 35 Kilometer viru Schluss knapp 30 Sekonnen virun de Poursuivanten.
Déi dräi Coureure konnten hir Avance weider ausbauen a gutt 10 Kilometer virun der Arrivée war et de Poels, deen an der Montée attackéiert huet an eleng un d'Spëtzt gefuer ass. Iwwerdeems gouf och den Tempo am Peloton ugezunn, deen doduerch ëmmer méi kleng ginn ass, bis just nach ronn 10 Coureuren am Grupp Maillot Jaune waren.
De Wout Poels vun der Ekipp Bahrain Victorious huet sech schliisslech um Sommet en solitaire virum van Aert duerchgesat. Scho méi fréi sinn déi meescht Coureuren aus dem Grupp Maillot Jaune distanzéiert ginn, well UAE Team Emirates den Tempo weider verschäerft huet. Wéi si nach 4 Kilometer ze fueren haten, waren et just nach de Vingegaard, de Pogacar a säi Coequipier Adam Yates. Deen huet sech dunn awer ofgesat, soudass Pogacar a Vingegaard eleng waren, éier de Carlos Rodriguez 2 Kilometer virun der Arrivée nees zu deenen zwee Favoritten opgeschloss huet.
Knapp 1 Kilometer virun der Ligne d'arrivée koum dunn d'Attack vum Pogacar, ma de Maillot Jaune konnt awer matgoen. Um Enn fueren déi zwee Favoritten op en Neits zäitgläich iwwer d'Zillinn, woumat de Vingegaard de Maillot Jaune weider verdeedegt.
D'Klassement vun der Etapp
1 POELS Wout Bahrain - Victorious 4:40:45
2 VAN AERT Wout Jumbo-Visma +2:08
3 BURGAUDEAU Mathieu TotalEnergies +3:00
4 CRADDOCK Lawson Team Jayco AlUla +3:10
5 LANDA Mikel Bahrain - Victorious +3:14
6 PINOT Thibaut Groupama - FDJ ,,
7 MARTIN Guillaume Cofidis +3:32
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek +3:43
9 GUGLIELMI Simon Team Arkéa Samsic +3:59
10 BARGUIL Warren Team Arkéa Samsic +4:20
...
40 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +14:33
41 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe ,,
126 KIRSCH Alex Lidl - Trek +34:25
De Generalklassement no der 15. Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 62:34:17
2 POGACAR Tadej UAE Team Emirates +0:10
3 RODRIGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +5:21
4 YATES Adam UAE Team Emirates +5:40
5 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe +6:38
6 KUSS Sepp Jumbo-Visma +9:16
7 BILBAO Pello Bahrain - Victorious +10:11
8 YATES Simon Team Jayco AlUla +10:48
9 GAUDU David Groupama - FDJ +14:07
10 MARTIN Guillaume Cofidis +14:18
...
29 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +1:33:25
40 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +1:49:55
113 KIRSCH Alex Lidl - Trek +3:40:51