No 2 Woche leien 10 Sekonnen tëscht Vingegaard a Pogacar
Déi zweet Woch vum Tour de France huet am Generalklassement zwar kee Changement bruecht, mä d’Moyennen, déi op dem Etappe gefuer goufen, ware ganz héich.
Dowéinst freeë sech d'Coureuren, dass e Méindeg deen zweete Roudag vun der Grand Boucle um Programm steet.
Dass den Tour de France schwéier ass, ass gewosst. Et ass net fir näischt déi häertste Vëloscourse vun der Welt. Ma d’Etappe vun dëser Editioun a virun allem wéi dëst Joer gefuer gëtt, fuerdert de Coureuren alles of.
10 Sekonnen trennen den Ament de Jonas Vingegaard an den Tadej Pogačar. Ma wie weess wéi et ausgaangen wier, wann op der 14. Etapp, no der Attack vum Pogačar, keng Motoen am Wee gestanen hätten.
De Bob Jungels ass momentan de beschte Lëtzebuerger a steet op der 29. Plaz am Generalklassement, de Kevin Geniets ass hei de 40. an den Alex Kirsch klasséiert sech aktuell als 113..
Och wann am Generalklassement net esou vill geschitt ass, hunn aner Coureuren d'Geleeënheet genotzt, fir sech an Evidenz ze setzen. Sou zum Beispill de Michał Kwiatkowski, deen no enger beandrockender Leeschtung en solitaire uewen um Grand Colombier ukomm ass.
Oder de Sprinter Jasper Philipsen, deen déi 11. Etapp am Sprint gewanne konnt an domadder säi 4. Succès an dësem Tour de France gefeiert huet.
En Dënschdeg geet et mat engem Zäitfueren iwwer 22,4 Kilometer vu Passy op Combloux weider, ier dann e Mëttwoch nees eng schwéier Biergetapp um Programm steet.