De Georges Engel huet eng Entrevue mam Tour-Direkter

D'Lëtzebuerger Regierung hat jo hiren Accord ginn, fir ze probéieren nees eng Etapp, eng Arrivée an en Depart vum Tour an de Grand-Duché ze kréien.
Nodeems et an deem Dossier laang roueg war, huet de Sportminister Georges Engel elo matgedeelt, an dëser Saach eng Entrevue mam Direkter vum Tour Christian Prudhomme ze hunn:
"Ech wäert elo Rendezvous hu mam Här Prudhomme vun der ASO, en nächste Samschdeg wann ech an den Tour de France fueren, ech fueren do privat hin, well ech dat all Joer mat e puer Kolleegen probéieren ze maachen. Mä ech hunn awer dann do e Rendezvous bei der ASO, fir kënne mam Här Prudhomme iwwert eis Demande do ze schwätzen. An do hu mer bis elo, bis ob en accusé de réception nach keng weider Réckmeldung kritt, an ech wollt do nach eng Kéier nofroen, wéi et da mat der Perspektiv vun 27-28 dann ausgesäit, fir dann eng Etapp ze kréien."
2027 respektiv 2028 sinn et all Kéier 100 Joer hir, datt de Nicolas Frantz den Tour de France gewonnen huet. Dat ass dann och de Grond, firwat Lëtzebuerg probéiert an engem vun deenen zwee Joer d'Grande Boucle an de Grand-Duché ze kréien.