Nom Contre-la-montre um Dënschdeg war et e Mëttwoch eng ganz schwéier Etapp iwwer 166 Kilometer vu Saint-Gervais Mont-Blanc op Courchevel.

Um Programm stoungen zwee Bierger vun der 1. Kategorie (Col des Saisies 13,5 Km mat 5,1% an de Cormet de Roseland 20 Km mat 6%), ee vun der 2. Kategorie (Côte de Longefoy 6,7 Kilometer mat 7,5%) a kuerz virun der Arrivée nach ee vun der Hors Catégorie (Col de la Loze 28,1 Kilometer mat 6%) um Programm.

No enger richteg schwéierer Etapp konnt sech um Enn de Felix Gall aus Éisträich "en solitaire" duerchsetzen. De jonken Éisträicher hat um Enn eng Avance vu 34 Sekonnen op de Simon Yates. Déi drëtte Plaz war fir de Pello Bilbao mat engem Réckstand vun 1 Minutt an 38 Sekonnen. De Bob Jungels gouf de 25. op 9 Minutten an 21 Sekonnen. Mat engem Réckstand vu 27 Minutten an 31 Sekonne kënnt de Kevin Geniets op déi 48. Plaz an den Alex Kirsch gouf den 147. op 41 Minutten a 50 Sekonnen.

Am General kann de Jonas Vingegaard seng Avance däitlech ausbauen an huet e Mëttwoch scho bal fir eng Virentscheedung gesuergt. Den Dän huet elo nämlech eng komfortabel Avance vu 7 Minutten a 35 Sekonnen op den Tadej Pogacar, deen e Mëttwoch e richteg schlechten Dag erwëscht hat. Den Adam Yates ass den Drëtten op 10 Minutten a 45 Sekonnen. Hei ass de Bob Jungels de 26. op 1 Stonn, 46 Minutten a 15 Sekonnen, de Kevin Geniets de 37. op 2 Stonnen, 21 Minutten an 19 Sekonnen an den Alex Kirsch den 114. op 4 Stonnen, 26 Minutten an 1 Sekonn.

Resumé vun der Etapp

Vun Ufank u war et ee ganz schwéieren Dag, well et direkt nom Depart Attacke gouf. Jidderee wollt an d'Echappée an nom schwéiere Contre-la-montre um Dënschdeg wollte vill Coureuren am General nees Zäit gutt maachen oder sech weider verbesseren.

Et hate mam David Gaudu, Pello Bilbao, Simon Yates a Felix Gall dann och véier Coureuren aus der Top10 de Sprong an de Spëtzegrupp gewot. 34 Coureure waren an deem Grupp dran, donieft och den Giulio Ciccone, dee weider Punkte fir de Maillot à poids sammele wollt. De Peloton, an deem Jumbo-Visma gréisstendeels fir den Tempo gesuergt huet, wollt dëser Echappée awer keng all ze grouss Avance mat op de Wee ginn.

Um Wee Richtung Courchevel konnt den Giulio Ciccone 25 Punkte fir de Biergtrikot sammelen. Am leschte Bierg, dem 28,1 Kilometer laange Col de la Loze, ass de Spëtzegrupp dunn explodéiert an d'Avance ass ëmmer weider geschmolt.

Iwwerdeems un der Spëtzt ëm d'Etappevictoire gekämpft gouf, huet hannendrun am Grupp vun de Favoritten den Tadej Pogacar iwwerraschend misse lassloossen.

Kuerz dono huet de Jonas Vingegaard dunn och all déi aner Konkurrente stoegelooss an huet sech eleng op de Wee Richtung Arrivée gemaach.

De Felix Gall, dee virun der Etapp op der 10. Plaz am General louch, war de stäerkste Mann aus der Echappée a konnt sech eleng ofsetzen. De Simon Yates, den 8. aus dem General, war dem Éisträicher säin éischte Verfolger. Hannendrun huet de Vingegaard zwar vill Zäit opgeholl, ma un d'Spëtzt sollt hien net méi erukommen.

Um Enn wënnt de Felix Gall also "en solitaire", 34 Sekonne virum Simon Yates an 1 Minutt an 38 Sekonne virum Pello Bilbao. De Jonas Vingegaard ass Sekonnen dono als Véierten iwwer de wäisse Stréch gefuer a mécht domat eng méi wéi gutt Affär, wat de General ugeet. Den Tadej Pogacar hat nämlech als 21. e Retard vu 7 Minutten a 37 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 GALL Felix AG2R Citroën Team 4:49:08
2 YATES Simon Team Jayco AlUla 0:34
3 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 1:38
4 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:52
5 GAUDU David Groupama - FDJ 2:09
6 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 2:39
7 HARPER Chris Team Jayco AlUla 2:50
8 MAJKA Rafał UAE Team Emirates 3:43
9 YATES Adam UAE Team Emirates ,,
10 KELDERMAN Wilco Jumbo-Visma 3:49 
...
25 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 9:21
48 Kevin GENIETS Groupama - FDJ 27:31
147 Alex KIRSCH Lidl-Trek 41:50

D'Generalklassement no der 17. Etapp

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 7:35
3 YATES Adam UAE Team Emirates 10:45
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 12:01
5 YATES Simon Team Jayco AlUla 12:19
6 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 12:50
7 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 13:50
8 GALL Felix AG2R Citroën Team 16:11
9 KUSS Sepp Jumbo-Visma 16:49
10 GAUDU David Groupama - FDJ 17:57
...
26 Bob JUNGELS BORA - hansgrohe 1:46:15
37 Kevin GENIETS Groupama - FDJ 2:21:19
114 Alex KIRSCH Lidl-Trek 4:26:01